Mat der Corona-Kris an den onendlech laange Stonnen  an den eegene 4 Wänn huet een endlech Zäit, seng Placken ze klasséieren.

Di meescht Leit stellen di nei Placken einfach an d’Regal, esou wéi si d’Albe kaaft hunn - nom Kaafdatum also.

Chronologesch

Wiem di autobiographesch Uerdnung dann dach e bëssen ze oniwwersiichtlech ass, ka seng Kollektioun  och nom Release-Datum vum Album sortéieren. Dat gëtt engem ee gudden Iwwerbléck iwwert di verschidde Joerzéngten. D’Fro awer ass: wat passéiert mat Reissues? A mat Best Of-Alben?

Alphabetesch

Bal all Plackebuttek sortéiert alphabetesch. Kloer: ee System, dee bei A ufänkt a bei Z  ophält, ass net just iwwersiichtlech, mee och wuel dee Klassement, deen di meescht Musekfans iwwerholl hunn. D’Fro hei ass just, wat ee mat Compilatioune mécht, op deenen e puer Kënschtler vertruede sinn.

Genre

Et kann ee di eege Plackesammlung awer och no Genre klasséieren. Dat mécht vrun allem da Sënn, wa sech di eege Musekssammlung net op eng eenzel Museksrichtung limitéiert, mee verschidde Stiler regruppéiert, wéi Elektro, Jazz, Metal, Rock etc.

Faarf

Wee säi Plackeregal zum Highlight an der Stuff wëllt maachen, dee soll seng Placken no der Faarf sortéieren. De Faarf-System gehéiert allerdéngs zu de Klassementer, déi am meeschte Chaos bedeiten.

Fazit

Beim Klassement vun der Plackesammlung sinn der Kreativitéit eigentlech keng Grenze gesat.  Wa sech ee Klassement als onpraktesch erweist, kann een dat ganzt Regal einfach nees komplett nei araumen. Zäit, fir eis mat eise musikaleschen Schätz ze beschäftegen, hu mer jo am Moment genuch.