Eng vun de Beruffssgruppen, déi am stäerkste vun der Coronakrise betraff ass, sinn d’Museker: mee et gi Méiglechkeeten, fir si z'ënnerstëtzen.

Grad wéi am Ausland hunn och d’Museker hei zu Lëtzebuerg wärend der Kris keng Opträg. Si leiden extrem ënnert dem Impakt vun de Corona-Mesuren. Op där anerer Säit beweisen si awer och, dass si enorm kreativ mat dëser spezieller Situatioun ëmginn, seet de Marc Nickts vun der Sacem. Wéi d’Leit dobaussen hinnen duerch dës schwéier Zäit hëllefen kënnen, verréit hien am Eldoradio-Interview.

Lauschtert hei de Reportage

D’Museker hëllefen eis de Moment, dës schwiereg Zäit eleng doheem besser z’iwwerstoen. Dofir ass et den Appell vun der Sacem, och hinnen ze hëllefen, sief et andeems een hir Musek keeft, hire Merchandising bestellt, hir Home-Concerte kuckt oder hinnen an de soziale Medien duerch ee Like Opmierksamkeet schenkt.

Dat Wichtegst awer: Lauschtert doheem vill Musek. Dat ass gutt fir d'Moral. An et gëtt engem d'Virfreed op déi Zäit, wou nees direkte Kontakt mat de Kënschtler méiglech ass.

Lëtzebuerger Museker - elo ass et un iech:

  • Wéi ass d'Situatioun de Moment fir iech?
  • Wéi reagéiert dir op d'Kris?
  • Wéi a wou kënne Leit iech ënnerstëtzen?

Schéckt eis e kuerze Video am Héichformat via Privatnoriicht op Instagram (eldoradio_lux) eran.

Mir maachen hei e Choix a posten dës an eis Story.

Dir kënnt äre Video bis e Samschdeg, den 11. Abrëll eraschécken!