Den Eldoskop seet iech är Woch viraus, dat mam passende Sound!

Widder

Marvin Gaye - Sunny

Wéi d'Sonn strahlt der dës Woch Positivitéit a Wäermt aus. Dofir kann och einfach näischt schiif goe bei Iech


Stéier

Dan+Shay an Justin Bieber - 10'000 Hours

Dir hutt des Woch de Besoin vill Kontakt mat äre Léifsten ze hunn. Profitéiert vun all Sekonn déi der Zäit hutt, si wäerten Iech vill zeréck ginn. 


Zwilling

Destiny's Child - Survivor

Der wësst dass een heiansdo Ausdauer muss hunn. Vum Mars kritt der dofir déi néideg Stäerkt. Der wäert och dëse Stuerm packen!

Kriibs

SZA an Justin Timberlake - The Other Side

Och wann et op der anerer Säit heiansdo besser wierkt, wësst der ze schätze wat der hutt. Verléiert dëst net aus den Aen!


Léiw

Ed Sheeran - Castle On The Hill

Der sidd dës Woch liicht nostalgesch. De Jupiter hält Iech an enger eegener Ëmlafbunn. Rappt Iech do och emol eraus, a genéisst wat den Dag iech ze bidden huet. 


Jongfra

Jonas Brothers - Cool

D'Jongfrae sinn dës Woch schwéier aus dem Takt ze bréngen. Déi ënnerlech Rou iwwerdréit sech och op d'Leit an ärem Ëmfeld. Eng Win-Win Situatioun!


Wo

Jess Glynne - Don't Be So Hard On Yourself

Heiansdo si mer selwer eise schlëmmste Géigner. Sidd och emol léif mat Iech selwer, net nëmme mat deenen aneren. Dat gëtt Iech déi richteg Energie!


Skorpioun

Seeed ft CeeLo Green - Aufstehn

De Stress vun deene läschte Wochen läit hannert Iech. D'Schwingunge vum Neptun hëllef Iech alles an enger ganz neier Luucht ze gesinn.


Schütze

Lukas Graham - Scars

Der hat vill ze kämpfen an der Vergangenheet. Vergiesst net, dass der net eleng sidd. Streckt är Hand aus, déi richteg Leit hëllefen Iech ze heelen.


Steebock

Shaed ft Zayne - Trampoline

D'Steebéck sinn des Woch mam Kapp e bëssen an de Wolléken. Loosst se roueg, si brauchen elo eng kleng Auszäit. Nächst Woch sinn se ëmsou méi présent.


Waassermann

Weezer - Island In The Sun

Dir fillt Iech des Woch einfach just liicht. Näischt kann Iech esou einfach erofzéien. All Dag fänkt mat engem Laachen un.


Fësch

Alessia Cara - I Choose

Der fillt Iech momenterweis immens eleng. Mee kuckt an Äert Häerz. Da gesidd der wéi vill Leit ronderëm Iech sinn. Egal wat geschitt.