Grad an Zäite vu Corona gëtt bei villen den Alldag duerch massive Videokonsum dominéiert.

Et ass ee vill doheem an déi meescht sinn Abonnent bei op d’mannst engem wann net méi Streamingdéngschter. Netflix a Co. hunn awer och scho reagéiert. Fir den Ustuerm ze meeschtere gouf d’Videoqualitéit erofgefuer. Esou konnt den Internet an d’Plattforme selwer entlaascht ginn, ouni ofzestierzen. Ma net just dat ass e Problem: Streamen huet en negativen Afloss op eis Ëmwelt an den CO2-Foussofdrock ass grouss.

Ëmmer méi Leit si vernetzt

D’Netz op Héichtouren - en Thema, dat schonn e puer Mol am Kader vun Etüden analyséiert ginn ass, esou zum Beispill 2019 am "The Shift Project". Dëser Analys no soll d’Streamen 300 Milliounen Tonnen CO2 produzéieren. Dat wieren 1% vun de weltwäiten an 20% vun den digitalen CO2-Emissiounen. D’Fuerscher ginn zou, dass dat net no vill kléngt ma ginn ze bedenken, datt dës Zuelen an Zukunft weider klamme wäerten. Ëmmer méi Leit op der Welt si vernetzt an nonstop mobil ënnerwee.

94% vun de Lëtzebuerger hunn een Handy

Wéi een op der Internetsäit vu BEESECURE liest besëtze gutt 94% vun de Lëtzebuerger en Handy, kënnen also eigentlech ëmmer an iwwerall streamen. Och wann an deem Sënn 2019 net vu Corona riets war, wäert d’Isolatioun hiren Deel dozou bäidroen. Ma och d’Plattforme schéisse wéi Champignonen aus dem Buedem. Disney+ ass deen Neien a gëtt als grouss Konkurrenz zu anere Streaming-Rise gehandelt. Ma wéi kann et sinn, dass Online-Videoen en negativen Impakt op eis Ëmwelt hunn?

Grouss Quantitéiten un Daten a vill Stroum

Zu all Foto, Sichufro&Video gehéiert e Server. Dat erfuerdert Stroum - wat Opléisung méi héich ass, wat méi Stroum gebraucht gëtt. Bei Filmer sinn dat riseg Quantitéiten un Daten, déi vill Energie a Späicherplaz brauchen. Dass d’Serveren net iwwerhëtze mussen dës gekillt ginn. Och dat frësst enorm vill Stroum. Dat heescht net, datt mir op eis Liblingsserie verzichte mussen. Experte schwätze sech fir gréng an nohalteg Léisungen aus an datt jidderee selwer oppasst, wéi vill e konsuméiert.