Fir an den eegene véier Wänn genau esou produktiv ze si wéi um Büro, muss een eng rei Reegelen anhalen.

Vun doheem aus schaffen heescht net vu mueres bis owes mam Laptop op der Kusch ze lungeren. Prinzipiell soll de Büro doheem, deem vun der Aarbecht sou gutt et geet änelen. Hei mengen ech elo net d’ Faarf vun de Miwwelen, mee d’Atmosphär.

Virun allem soll den Homeoffice an engem eegene Raum sinn, dee fir soss näischt genotzt gëtt, ausser fir d’Schaff. Wann een elo keen esou een Zëmmer huet, da sicht iech e rouegen Eck am Haus wou der iech installéiere kënnt.

Och wann et e Büro ass, kann een deen awer roueg och am Stil vun der Wunneng halen. Well nëmme wann ee gär Zäit am Homeoffice verbréngt ass een och produktiv.

Denkt wärend dem Teletravail och un är Bandscheiwen. De ganzen Dag just roueg beim Pult ze sëtzen ass net gesond. Dofir stitt och doheem reegelméisseg vum Stull op a wiesselt d’Positioun.

Wichteg ass hei natierlech och, dass der uerdentlech sidd. Verloosst äre Büro propper a geraumt, da mécht et den Dag drop ëmsou méi Spaass sech un de Büro ze setzen.

Fir de Recht bleift just nach vill Spaass an och vill Erfolleg ze wënschen.

Lauschtert eran