Eng Analys aus China deit dorop hin, dass bestëmmte Bluttgruppe méi ufälleg si fir um Coronavirus ze erkranken. Ma kloer sinn d'Resultater net.

Am Kampf géint d'Corona-Pandemie ass eppes ganz wichteg, nämlech Statistiken an Zuelen. Dës weisen net nëmmen, wéi d'Zuel vun den Infektiounen, den Doudesaffer oder deenen, déi erëm gesond sinn sech entwéckelt ma se liwweren de Fuerscher och wichteg Informatiounen doriwwer, wéi de Virus sech verhält a ginn hinnen Usätz, fir géint d'Pandemie virzegoen. Zanter e bësse méi wéi enger Woch gëtt an deem Sënn iwwer Zuelen diskutéiert, déi eng verstäerkten Ufällegkeet fir Leit mat bestëmmte Bluttgruppe solle beleeën.

Iwwer 2'000 gesond a krank Leit analyséiert
D'Zuele stamen aus enger Analys aus China an d'Resultater deiten un, dass eng bestëmmte Bluttgrupp och en erhéichte Risiko huet, fir sech mam Coronavirus ze infizéieren. Dofir goufen iwwer 2’000 Leit, déi um Virus erkrankt sinn, vun de Fuerscher vun der Universitéit vu Wuhan analyséiert.

An et ass ganz einfach drëms gaangen, ob do verschidde Bluttgruppen iwwerrepresentéiert waren. Duerno sinn d'Resultater mat der Verdeelung vun de Bluttgruppe vu gesonde Leit verglach ginn. Am dackste waren deemno Leit mat der Bluttgrupp A betraff, dat a 37,75% vun de Fäll. D'Bluttgrupp B war an 26,42%, d'Bluttgrupp 0 a 25,80% an d'Bluttgrupp AB an 10,03% vun de Fäll betraff.

Erhéichte Risiko fir Bluttgrupp A?
Bei de gesonden Testpersoune waren d'Verhältnisser awer e bëssen anescht, do waren et fir d'Grupp A 32,16%, fir d'Grupp B 24,90, fir d'Grupp 0 33,84% an d'Grupp AB 9,10%. De Fuerscher no kéint een doraus en erhéichte Risiko fir déi Leit mat der Bluttgrupp A ofleeden. Experten hunn d'Analys bis ewell nach net confirméiert.

Biologesch duerchaus net onméiglech
Ma et kéint duerchaus sinn, dass verschidde Bluttgruppe méi ufälleg fir de Coronavirus sinn. Dat hätt ee scho bei anere Coronavire gesinn. Eventuell kéint dëst mat engem méi héijen Undeel un Zocker op der Uewerfläch vun den Zelle vun deene Leit mat der Bluttgrupp A zesummen hänken, ma bis ewell ass dat net méi wéi en Usaz.

Bei weltwäit iwwer enger Millioun Infizéierte sinn 2'000 Testpersounen eben einfach nach net representativ genuch.

Dofir betounen d'Fuerscher och, dass elo keen sech dowéinst soll verréckt maachen.