E Grupp Studente wëll duerch eng Plattform proaktiv géint déi aktuell Kris virgoen an dobäi brauche se nach Hëllef!

Eng App ze kreéieren, déi et de Leit soll erméigleche sech géigesäiteg ze hëllefen an esou proaktiv géint déi aktuell Kris virzegoen, dat ass d’Zil vu Provid 19. De Projet gouf vum Ti-Ni mat Hëllef vun anere Studenten an d'Liewe geruff an elo brauche si Hëllef hir Iddi ze realiséieren.

Duerch d'App kéinte Leit, déi an deem selwechte Gebitt wunne sech geigesäiteg hëllefen. Funktionéiere soll dat Ganzt esou, dass een duerch d'App annoncéiere ka wéini ee fir d'nächst akafe geet. Doropshi kënnen aner User sech da bei där Persoun mellen an hire Akafsziedel mat op de Wee ginn, esou dass direkt fir aner Leit mat akaft gëtt. Doduerch si manner Leit baussen ënnerwee, et reduzéiert een de physesche Kontakt an deemno ass net just de méi ufällege Leit gehollef, ma och Aarbechter am Supermarché si manner exposéiert.

Duerch déi aktuell Kris hu sech zwar scho vill Leit mobiliséiert a vill gesond Leit bidden Aneren hir Servicer un. Ma duerch d'Schafe vun der App, an där een am beschte Fall och direkt doriwwer d'Bezuelung géif reegelen, kéint d'Saach erliichteren an d'Iddi doheem ze bleiwe weider fërderen.

Aktuell gëtt um Design an der Infrastruktur vun der Plattform geschafft. Fir dass de Projet méi séier viru kënnt, wär een awer op Leit mat prakteschem Wëssen ugewisen. An engem 1. Schrëtt wëll een deemno Fräiwëlleger erreechen, déi direkt mat upake kënnen, techneschen know-how matbréngen oder e Lien mat Fournisseure kënne maachen.

Den nächste Schrëtt ass et dann nämlech Fournisseure mat an d'Boot ze huelen.

Wien dës Saachen elo net matbréngt, ka sech awer trotzdeem engagéieren: Provid 19 steet nach um Ufank vun hirem Projet a géif sech iwwert all Zort vu Feedback freeën. Fir Deel vum Team ze gi kënnt dir eng E-Mail un provid19app@gmail.com maachen a fir weider Infoen, klickt einfach hei!