All Dag een neit Rezept dat net vill verlaangt! Weder Zäit nach Liewensmëttel! A mer fänken u mam "Schleekeburger.

A keng Angscht, ech kann Iech direkt entwarnen: der muss net wierklech Schleeke fänke goen!

Lauschtert hei eran!

D'Geschicht

De Slugburger kënnt aus dem Burger-Land schlechthin: den USA. De Slugburger ass eigentlech eng Kreatioun vun der Famill Weeks, déi sech ronderëm 1917 an der Stad Corinth am Bundesstaat Mississippi néiergelooss huet. Der hutt et also elo mat engem richtege Südstaate-Plat ze dinn!
Wéinst der Famill Weeks, huet de Slugburger och eemol „Weeksburger“ geheescht. Dofir gëtt an der klenger Stiedchen och haut nach ee Slugburger-Festival ofgehalen. An: e gëtt do och nach ëmmer vun der Weeks Famill preparéiert!
Besonnesch an der Zäit vun der Grousser Depressioun, soll de Slugburger dann immens beléift gi sinn. Virun allem wéinst sengem klenge Präis! Den Numm "Slug" kënnt nämlech genee dovun. Soss huet een en "Nickel", eng amerikanesch Mënzwährung och alt emol "Slug" genannt. A genee esou vill huet de Slugburger soss kascht!
Beim Slugburger gëtt d’Gehacktes nämlech net pur genotzt, mee souzesoe „gestreckt“. Soss huet een dofir ënnert anerem gedréchent Grompere geholl. Haut gëtt de Slugburger awer och mat Maismiel oder Sojaprotein gemaach.

D'Rezept

Mer konzentréieren eis hei op d’Maismiel, och nach bekannt als Polenta. Dat ass mat am einfachsten ze fannen an eise Butteker.

Fir 3-4 Persoune sat ze kréie mat Slugburger braucht der:

  • Ronn 250 gr Schwéngsgehacktes
  • 140 gramm Polenta
  • 40 Gramm Miel
  • 1 décken Téiläffel Salz
  • 1 gutt Pince Peffer

Wien et gäre e bësse méi schaarf huet, ka sech e bësse Cayenne Peffer oder souguer Chili-Polver dobäi maachen. Dat ass zwar eng kleng Ofweichung, mee et soll jo virun allem schmaachen! An och wann der kee Schwéngsfleesch iesst, kënnt der natierlech Rëndfleesch huelen. Dat kéint just een Tick méi dréche ginn.

Dat gëtt dann alles gutt vermëscht! Och do net fäerten, d'Hänn ze notze fir ee bessert Resultat. (Do just natierlech ganz brav d'Hänn wäsche virdrun.)

Duerno formt der mat der Mëschung kleng Bullen. Dës muss der dann duerno schéi platt drécken (also och gutt fir seng Aggressiounen erauszeloossen!). Duerno ginn d’Burger dann am Ueleg frittéiert. Am beschten do een neutralen Planzenueleg wéi de Sonneblummenueleg huelen! No 2-3 Minutten am Fett sinn se dann och scho fäerdeg. Duerno einfach op ee Burgerbréidchen, oder Sandwichbrout leeën, (oder wat der soss do hutt) Moschter, frësch Zwibbelen an nach eng kleng Kornichong drop.
A lass geet et mam schleeken, pardon, schneeken!