Zënter 2 Wochen ass Groussbritannien offiziell elo esou hallef a Quarantän - mee vill Leit halen sech net drun.

Theoretesch däerf ee just virun d’Dier fir Iessen oder Medikamenter ze kafen, wann ee bei den Dokter muss oder ee mol den Dag fir Sport ze maachen. Esou richteg kontrolléiert gëtt dat Ganzt awer net, a wat een elo ënnert Sport maache versteet, ass och net genee definéiert – a genee do läit de Problem.

Lauschtert hei de Reportage:

Vill Britten trëppelen oder fueren an déi grouss Parken oder un de Strand an treffen sech do mat Frënn a Famill vir Fussball oder Frisbee ze spillen. Anerer lafe stonnelaang duerch d’Géigend mam Argument, dass se d’Haus deen Dag jo just eemol verlooss hunn an dohier d’Reegelen net briechen. Esou kënnt et dann, dass wann een hei duerch d’Stroosse geet, een net onbedéngt ëmmer vill dovunner matkritt, dass mer all a Quarantän sinn.

Aus dësem Grond, huet sech elo eng Persoun ageschalt, déi sech normalerweis aus dem Liewen vun de Britten komplett eraushält: nämlech d’Queen. E Sonndegowend huet si an enger Telés-Usprooch d’Britten opgefuerdert duerchzehalen fir zesummen dës Kris ze iwwerstoen. Et ass eréischt déi 4. Kéier an hirer bal 70-järeger Zäit als Kinnigin, dass si sech esou direkt wärend enger Kris un d’Bevëlkerung went an et bleift ze hoffen, dass och wierklech all d’Britten den Eescht vun der Lag erkannt hunn, an endlech doheem bleiwen.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter