Zënter dem Ufank vun der Kris hu sech eng sëllechen Initiativen entwéckelt, déi anere Leit an Nout hëllefe wëllen. Esou och d'Diana an de Paul Zeimes.

Lauschtert eran!

D'Kris trëfft ganz vill Leit: Persounen, déi sech infizéieren, d'Personal an de Spideeler a soss Mataarbechter vu Firmen, déi u viischter Front weider aktiv sinn, ma och Entreprisen a Firmen, déi hire Betrib komplett missten astellen. Fir zemools de klenge Betriber ze hëllefen, hunn d'Diana an de Paul Zeimes e Projet gestart: En Online-Shop, duerch dee si finanziell Ënnerstëtzung ubidden. De Paul Zeimes:

"Mir sammelen dat alles integral, do hu mer elo och scho knapp iwwer 3.000 Euro. Elo si mer an de Gespréicher: Wou nëtzt et wierklech eppes? (...) d'Leit dann, wa se bëssen ëmdenken, awer nach eng Kéier iwwerliewe kënnen."

© Screenshot http://www.immozeimes-charity.lu/produkt-kategorie/alle/

Zesumme gedoen huet ee sech mat "Made4You" engem Lëtzebuerger Betrib, deen een esou och direkt ënnerstëtze kann. Keeft een e Pullover, en T-Shirt oder soss eppes bei der Immobilière, ginn 10€ dovunner gespent. De Paul gëtt zou, dass et schwéier ass, ze decidéieren, wéi e Betrib dann elo gehollef kritt.

Ma hei ass et och den Opruff, datt sech Betraffener direkt bei hinne solle mellen: "Mir freeën eis, wann d'Leit sech wierklech mellen. Mir maachen elo aktiv Opriff: Mellt iech, zeckt net - mir si fir iech do! Deementspriechend hoffe mir do natierlech, datt d'Leit och selwer keng Angscht hunn."

© Screenshot http://www.immozeimes-charity.lu/produkt-kategorie/alle/

Perséinlech huet ee sech d'Zil vun 1.000 verkaaften Artikele gesat, ouni awer wëlle bei deem But opzehalen. Et weess een net, wéi laang dës Kris dauert, genee dowéinst wëll een esou laang an esou vill wéi méiglech Hëllef offréieren. De Projet steet nach relativ am Ufank, ma de Feedback ass enorm, esou de Paul.

Et ass een esou wäit, datt een elo schonn dem zweete Betrib hëllefe kann: "(...) vläicht geet dat wierklech och no där ganzer Corona-Geschicht hei weider. Mir hunn einfach Feier gefaangen, fir dat Gutt, wat mir hei maachen. D'Leit sinn dankbar, dat huet eis e ganz neit Gefill ginn, wou mir soen: Dat muss bäibehale ginn!"

Als Immobilière kéint een aktuell selwer näischt fir deen eegene Betrib maachen, grad dowéinst investéiere si hir Zäit doran, aneren ze hëllefen. D'Diana an de Paul hu séier gemierkt, wéi vill Freed et hinne mécht, anerer mat hirer Initiativ ze ënnerstëtzen. Jiddereen, dee sech eppes am Shop keeft, kann duerno eng Foto op Facebook oder Instagram eroplueden, dat mat den Hashtags #ZesummeStaark, #BleiftDoheem a #Spendenaktioun an esou zesummen eppes beweegen.