Wann een d’Chance huet an e klenge Balcon deel vun der Wunneng ass, da maacht dat Bescht dorausser a benotzt en!

Natierlech ass de Gedanken, seng Vakanzen elo mol ze stornéieren, relativ komesch. Ma et ass eng Moossnam déi een treffe muss. Et kënnt een net dolaanscht an et muss een dat bescht draus maachen. Wéi wier et mat enger klenger Vakanz doheem? Zum Beispill op ärem Balcon.

Wichteg ass hei, dass dee mol äre Virstellungen entspriechend ageriicht ass. Wann der gréngs gär hutt an op ärem Balcon näischt dovun ze gesinn ass, da kënnt der och provisoresch Planze vun dobannen eraus stellen. Denkt just dorun déi nees eran ze huele wann der net méi dobausse sidd, soss riskéiert der, dass se futti ginn. Dekoréiert Balconien esou wéi dir dat fir richteg fannt.

Elo dann dee méi spaassegen Deel. Wann nämlech dobaussen d’Sonn schéngt, da profitéiert dovun. Ok, dir sollt de Kontakt mat anere Leit vermeiden an net virun d’Dier goen, ma op äre Balcon däerft der awer. Crèmt iech an, leet iech an d’Sonn an d’dréint d’Musek op. Passt dobäi just op, dass der net iwwerdreift an huelt Récksiicht op är Noperen.

Bei esou guddem Wieder dierf dann och de Grill net feelen. Wann der an ärer Residenz um Balcon dierft e Grill umaachen, da leet lass. E gutt Steak, mat gegrillte Paprikaen oder einfach nëmmen eng gutt Mettwurscht. Profitéiert esou gutt et geet vun ärer privater klenger Oas. Wann är Noperen och dobausse sinn, da kënnt der an engems nach e bësse poteren.

Profitéiert esou gutt et geet vun ärer klenger Oas a maacht dat Bescht aus der Situatioun

Lauschtert eran