Kënne Sonn an héich Temperaturen d'Ausbreedung vum Coronavirus bremsen? Villes deit drop hin, sécher kann een awer nach net sinn.

Mat e puer Startschwieregkeeten ass d'Fréijoer elo definitiv do. Mat iwwer 20 Grad war et bis ewell dee schéinste Weekend vum Joer, schued just, dass d'Terrassen eidel bleiwen, d'Plagen op de Séien a Weieren zou sinn an een och soss net vill Leit dobausse begéint. Fir vill Leit ass et bei deem Wieder duebelt schwéier fir dobannen ze bleiwen, grad wann et elo an den nächste Méint nach méi waarm gëtt. Ma nach ëmmer bleift d'Hoffnung, dass dat waarmt Wieder de Coronavirus bremst.

Gripp am Summer däitlech manner present
D'ganz Welt waart op e Wonnermëttel géint dee Virus, deen eis all zwéngt eist Liewe komplett op d'Kopp ze stellen. E puer Medikamenter si jo schonn am Gaange getest ze ginn, och un engem Impfstoff gëtt fläisseg gefuerscht. Ma wat wier dann elo, wann eppes ganz anescht de Virus géif an de Grëff kréien?

Ëmmer erëm gëtt gesot, den Erreeger, also de Coronavirus, hätt d'Hëtzt net immens gären. Verschidden Experte ginn esouguer dovun aus, dass en sech änlech wéi aner Grippevire verhält an am Summer däitlech manner ustiechend ass.

Dréche Loft, Hëtzt a manner enke Kontakt
Dat wier natierlech immens, och wa mir de Virus net ganz géife lass ginn, géif dat eis kuerz Zäit ginn, fir duerchzeootmen. Et ass wuel esou, dass d'Infektioune mat der Gripp am Summer däitlech zeréck ginn, well déi jo a ville Fäll duerch d'Drëpsen, déi beim Schwätzen, Néitsen oder Houschten entstinn, iwwerdroe ginn.

Analysen hunn erginn, dass am Wanter an zouene, waarmen an dréchene Raim, d'Viren am verdonste Spaut nach iwwer Stonnen am Raum schwiewen an esou kënnen iwwerdroë ginn. Ass een elo dobaussen, dann ass dee Risiko vill méi kleng, et ass méi fiicht an d'Wolleken aus klengen Drëpsen an deenen sech den Erreeger hält, bestinn net esou laang. Ausserdeem sinn d'Leit manner zesummen a klenge Raim.

UV-Stralen als Virus-Killer
Weider kéint och d'UV-Stralung e Facteur sinn, dee géint de Virus wierkt, dës zerstéiert deem seng DNA. An dann huet de Virus och héich Temperaturen net esou gär an dofir kann en sech manner laang op Uewerflächen halen.

Ma all dës Aussoë si bis ewell just hypothetesch, se ginn op Beobachtungë mat anere Viren an Erreeger zeréck. Ob den neie Coronavirus awer wierklech duerch d'Zesummespill vun Hëtzt, Sonn a Loftfiichtegkeet ofgebremst ka sinn, wäert sech an den nächste Wochen a Méint weisen.