Obwuel een doheem ass, kann et am Homeoffice séier stresseg ginn. Virun allem, wann een dacks ofgelenkt ass. Wichteg also, reegelméisseg Pausen ze maachen.

De Mënsch schafft am Duerchschnëtt aacht Stonnen. En Drëttel vum Dag geet also fir d'Aarbecht drop. Dass esou eng laang Zäit um Stéck Stress provozéiere kann, hu genuch Etüde bewisen. Ëmsou méi wichteg ass et, Pausen ze maachen. Sief et fir d'Mëttegiessen oder och just eng gemittlech Kaffispaus mat den Aarbechtskolleegen.

Ob dës Pause soll een, grad elo am Homeoffice, natierlech net verzichten. Ma wann een doheem ass, lackelt et natierlech, seng Pause mat Netflix, Fernsee oder Videospiller ze verbréngen. D'Kaffispaus gëtt dann och gäre mat Social Media um Smartphone kombinéiert. A genee do läit de Problem. E groussen negativen Aspekt vun eiser Gesellschaft ass den Drang, permanent erreechbar ze sinn an ëmmer eppes mussen ze dinn ze hunn. An dat dréckt eise Stresslevel an d'Luucht.

Qualitéit ass hei besser wéi Quantitéit.

Wa mir éierlech sinn, gutt Iddie kommen engem seele wärend dem Binge Watchen, ma virun allem ënnert der Dusch, beim Spadséieren oder beim Gespréich mat anere Persounen. D'Stéchwuert ass also, notzt déi Fräiheet vum Homeoffice, Iech den Dag esou anzedeelen, wéi et fir Iech am Beschten ass. Am Agenda mol eng Kéier eng hallef Stonn Näischt stoen ze hunn, ka fir eis, awer och fir de Patron vu Virdeel sinn. Sief et Zäit mat de Kanner ze verbréngen, Sport ze maachen, en Tours spadséiere ze goen oder einfach um Canapé ze chillen, reduzéiert eise Stresslevel a léisst eis mat fräiem Kapp erëm weiderschaffen.

Sech virun allem elo am Homeoffice also och emol Zäit fir sech huelen. De Chef ass vläicht och frou, wann ee beim gemittleche Spadséiere vläicht déi eng oder aner kreativ Iddi huet.