Duerch déi aktuell Situatioun ass elo iwwert Ouschtereren natierlech jiddereen doheem. An déi eng oder aner géifen dat och scho gäre feieren, mee wéi?

Villäicht ass et och elo grad déi richteg Zäit eppes esou banales wéi Ouschteren awer ze feieren. Fir einfach emol 2 Deeg iwwert Ouschtereeër nozedenken amplaz iwwer Coronaviren.
An déi Deeg musse sécher net langweileg ginn!

Lauschtert hei eran!

Een éischte Punkt dee wahrscheinlech e puer Leit wéih deet: op Ouschteren net mat der Famill oder de Frënn ze feieren. Wann een awer engem eppes Guddes wëll doen, kann een jo villäicht eng kleng Ouschter-Iwwerraschung verschécken! Ganz vill Butteker bedreiwen hir Aktivitéite weider, wann och iwwer Internet. Esou kann een eng Freed bei deene Léiwste maachen, a bei de Geschäfter, well een se esou och weider ënnerstëtzt.
Wann d'Famill, a virun allem d'Boma an de Bopa ee Smartphone hunn, a wësse wéi dat mat dem Video-Uruffe geet, kann een sech och esou e bësse virtuell zesumme setzen. Doriwwer freet sech och sécher jiddereen!

Och wa wahrscheinlech eng ganz Partie Eltere mat Kanner scho voll amgaange sinn: wien nach net genuch Ouschterdeko doheem huet, an ee perséinlechen Touch wëll, kann dat och doheem maachen. Dat dierf een natierlech och ouni Kanner maachen. Et  fënnt ee ganz vill flott Bastel-Iddien, fir déi een och net zevill Material brauch. Fir eng ganz Partie dovun, brauch een emol keng Eeër ze benotzen! Vun Hiesecher aus ale Strëmp bastelen,  bis Eeër molen mat verschiddenen Techniken ass fir jiddereen eppes dobäi!

Da kann een och natierlech ganz klassesch eng kleng Eeër-Juegd fir d'Kanner maachen. An engem grousse Park ass dat villäicht een anere Feeling, mee och doheem am Gaart oder am Haus kann een e puer Gackelcher verstoppen. An d'Kanner freeë sech sécher iwwert de Kaddo vum Ouschterhues!

An: op Ouschteren ass jo och Feierdag, an ee gudde Maufel ass ni schlecht. Wann der also Loscht hutt eppes méi opwänneges ze kachen, da leet lass! Mat engem volle Bauch, ass een och ëmmer méi entspaant.