Videospiller si scho laang net méi just fir Geeks a Nerds. Se ginn ëmmer méi beléift an hëllefen aktuell esouguer, eis sozial Kontakter ze fleegen.

Och an de nächste Wochen heescht et weiderhin doheem ze bleiwen. Mir kämpfen Dag fir Dag géint d'Langweil, ma do ginn et jo Gottseidank vill Challengen, Home Workouts, Concerten an aner Aktivitéiten, déi an de leschte Wochen op Social Media d'Ronn gemaach hunn.
Och schéngt es, wéi wa mir an Zäite vu Social Distancing esou sozial si wéi nach ni. Ma wann een sech am Videocall näischt méi ze zielen huet, kann een ëmmer nach zesummen zocken. Den Internet mécht et méiglech.

Et ginn hei zum Beispill déi typesch Online-Spiller wéi FIFA, Fortnite, Mindcraft, League Of Legends, Dota oder World of Warcraft. De Virdeel, hei kann ee stonnelaang mat oder géint Kolleege spillen.

Ma och déi klassesch Gesellschaftsspiller ginn et mëttlerweil als App oder Spill fir PC, Playstation a Co. Déi wieren zum Beispill Monopoly oder fir alleguer déi, déi hiert Allgemengwëssen teste wëllen, Trivial Pursuit, Wordfeud oder Quizzduell.

Wien seng Gamecube oder Nintendo 64 da viru Joren um Floumaart verkaaft huet, fir dee gëtt et esouguer de Klassiker Mario Kaart Tour zanter leschtem Joer als Smartphone-App. Hei sollt een awer besser op de Wifi zeréckgräifen, soss ass de Roaming séier opgebraucht.

Wien seng Owender da gäre mat Pictionnary verbruecht huet, deem kann een d'Spill Drawful 2 un d'Häerz leeën. Gëtt et bis den 11. Abrëll op verschidde Plattformen esouguer Gratis.

Wien da ganz vill Zäit wëll rëmkréien, dee ka mat senge Kolleegen Dungeons & Dragons spillen. Zanter 1974 mat Bic a Blat, gëtt et d'Rollespill mëttlerweil och online. Praktesch, wien sech keng eege Fantasiewelt wëll ausdenken, fënnt der méi wéi genuch um Internet.

Dat Bescht um Gamen ass, wann d'Kolleege keng Loscht méi hunn, kann een einfach eleng weiderzocken.