All Dag een neit Rezept dat net vill verlaangt! Weder Zäit nach Liewensmëttel! Haut: Maacht Plaz fir déi aarm Ritter.

Se hunn eng laang Geschicht hannert sech, mee et sinn net nëmmen al Kuuschten! Déi aarm Ritter, déi och ganz séier räicht sinn!

Lauschtert hei eran!

D'Geschicht

Et gëtt eng Legende déi seet, dass aarm Ritter esou wéineg verdingt hunn, dass se sech just aalt Brout leeschte konnten fir am Fett unzebroden. Iwwerdeems hunn déi räich Ritter sech reegelméisseg konnte Fleesch leeschte fir z'iessen. Ma dofir wieren déi räich Ritter awer alt vill méi schlëmm an dacks mat Giicht geplot gewiecht. Wat opjiddefall sécher ass, ass dass schonn déi al Réimer wossten, dass aalt Brout net onbedéngt an d’Dreckskëscht muss. Si hunn se einfach an d'Mëllech gezappt, frittéiert, an duerno Hunneg driwwer gemaach.

Ënnert der Form wéi se haut bei eis bekannt sinn, goufen se awer schonn an engem däitsche Kachbuch mam Numm „Buch von guter Speise“ aus dem 14. Jorhonnert beschriwwen! Wien iwwregens aus den "aarme Ritter" wëll "räich Ritter" maachen mécht einfach Gebees dobäi. De Klassiker ass do d'Quetschekraut.

An déi aarm Ritter hu sech dann och iwwert ganz Europa verdeelt, bis an Nordamerika. An do sinn och deels no Regioune ganz gelungen Nimm dobäi. Mäi perséinleche Favorit ass de Schwäizer hir Beschreiwung: Fotzelschnitten.

Déi éischte Kéier, wou ech Arme Ritter giess a gemaach hunn, war iwwregens bei de Scouten. Deemools genee esou ee Genoss wéi haut!

Rezept

Mer halen eis dann och un ee ganz einfacht Rezept, an och hei nees fir 4 Persounen. Dir braucht:

  • 8 Tranchen aalt Wäissbrout
  • Een halwe Liter Mëllech
  • 2 Eeër
  • 2 Iessläffel Zocker
  • An eng Pince Salz

Wien et gären nach eng Grëtz méi séiss huet, ka Vanillzocker dobäi maachen, oder direkt eng hallew Vanille-Schote. Dofir d'Schote op ee Briedche leeën, der Längt no opschneiden, a mat der stomper Säit vum Messer d'Vanillkären erauskrazen. An och fir Veganer ginn et Méiglechkeeten Aarm Ritter z'iessen. Hei zum Beispill ee Rezept:

D’Mëllech, d’Eeër, den Zocker an d’Salz ginn alleguer an enger Schossel matenee vermëscht. Kuckt dass der eng Schossel hutt, wou der d’Brouttranchen och dragetässelt kritt. Well déi mussen nämlech an d’Mëschung geluecht ginn. D’Tranche sollen och roueg ee Moment do dra bueden. Se musse sech nämlech gutt vollsuckele!

Iwwerdeems kënnt der alt schonn eng Pan op d’Kachplack stellen, a Botter, oder Margarine do drann schmëlze loossen. Wann d’Brout genuch vun der Mëschung ofkritt huet, einfach an d’Pan domat. Wann d'Tranche bis eng schéi gëlle-brong Faarw hunn, dréint der se op déi aner Säit bis déi, déi selwecht Faarw huet. An dann kuerz ofdrëpse loossen, an op den Teller domat! Nach Puderzocker drop an: MMMMHHHH!!