Aplaz op all eenzel Internetsäit kucken ze goen, wien elo wat ubitt, wier et méi einfach, alles op engem Site ze regroupéieren. Genee dat mécht nala.lu.

Lauschtert eran!

Well vill Butteker zou sinn, gëtt ëmmer méi bestallt - Lëtzebuerg ass do keng Ausnam. Rezent hat d'Post matgedeelt, datt een de Moment esou vill Betrib wéi soss wärend der Chrëschtzäit hätt. Déi grouss Entreprisë sinn do natierlech d'Gewënner, méi kleng a virun allem lokal Betriber kréien net vill vum Kuch of. Fir dës z'ënnerstëtzen ass de Site nala.lu an d'Liewe geruff ginn, e jonke Projet, deen de Betriber hei am Land eng Plattform offréiert.

"Hurray, är Butteker sinn erëm op!"

Hei ka sech all lokale Betrib umellen an uginn, wéi eng Servicer wärend der Kris ugebuede ginn. De Moritz Hoss, Pressespriecher vun "Now Act Local Association": "Do ass eis dann no e bëssen Internet-Recherche opgefall, dass eigentlech nach ganz ganz vill Butteker op hunn, mee net wierklech een et weess. (...) Do muss een halt esou e Site opbauen, deen halt all déi Informatiounen zesumme féiert a gläichzäiteg d'Commercë méi eng grouss Visibilitéit hunn."

© Screenshot nala.lu

Leschtem Stand no hu sech bis ewell iwwer 400 Butteker op nala.lu ugemellt an et rechent een, datt dës Zuel weider klamme wäert: Och wann een net direkt iwwert d'Säit bestelle kann, gesäit de Client op ee Bléck, wie wat ubitt, ouni laang op verschidde Sitten ze recherchéieren.

Hannert dem Projet Nala stieche motivéiert Studenten a jonk Professioneller, déi op hir Experienz, Studien an Know-How zeréckgräifen an esou hiren Deel bäidroen an dem Lëtzebuerger Eenzelhandel eng Plattform bidde wëllen: "Marketing, Leit, déi eis beim IT hëllefen, de Site opzesetzen, Kontakt mat de Leit opzehuelen, Kontakt mat der Press opzehuelen a jiddweree mécht do bësse säin Deel."

© Screenshot nala.lu

"Wärend der Ausgangsbeschränkung wollte mir léiwer eppes opbauen, amplaz eis een deem aneren de Kapp anzeschloen."

D'Registréierung um Site ass a bleift gratis an et huet ee selwer net vir, mat der Initiativ Suen ze verdéngen. Zil ass et de lokale Commercë wärend der Kris eng besser Visibilitéit ze ginn. Egal ob Liewensmëttel, Deko a Kleeder oder Bijouen, Konscht oder soss Servicer, sou gutt ewéi alles ass vertrueden.

Op nala.lu fënnt ee praktesch aus all Beräich op d'mannst ee passende Commerce: "Et ass eigentlech e bësse wéi en Telefonsbuch. Mir hu verschidde Kategorien, déi mir och nach ausbesseren., wou d'Leit einfach no hirem Besoin nokucke kënnen, ob eppes bei hinnen an der Géigend ophuet oder souguer iergendwellech Servicer ufroe wëllen."

Um Site selwer ginn et bis elo 11 verschidde Kategorien, ënnert deene Commercë mat enger ähnlecher Offer regroupéiert ginn. De Feedback vun de Leit, grad wéi vun de Betriber, wier dann immens positiv, esou de Moritz weider: "(...) deen ass wierklech ganz positiv. Mir kréie ganz vill Messagen, wou d'Leit einfach soe Merci, dass dir de Site opgebaut hutt - super Initiativ!"

© Screenshot nala.lu

D'Grënner hannert dem Projet wëssen net wéi et an Zukunft ass, ma gesäit een, datt d'Leit de Site gäre benotzen, kéint deen och no der Kris bestoe bleiwen. Et kann een och Butteker virschloen, déi nach net op nala.lu ze fanne sinn. Wéi déi kreativ Käpp online schreiwen: "Wärend der Ausgangsbeschränkung wollte mir léiwer eppes opbauen, amplaz eis een deem aneren de Kapp anzeschloen" - an genee dat hu ganz vill Solidaritéitsaktioune gemeinsam: sech géigesäiteg hëllefe fir dat bescht erauszehuelen.