Wéi bei all historeschem Evenement gëtt et geschwënn och e Film iwwer de Coronavirus.

Eréischt virun dräi Wochen huet d'Weltgesondheetsorganisatioun de Coronavirus zur Pandemie erkläert. A scho steet den éischte Kinosfilm an de Startlächer, dee sech mat der Thematik beschäftegt. Gedréint gouf de Film am Februar zu Vancouver a Kanada, also zu enger Zäit, an där de Virus nach net op der ganzer Welt verbreet war. De Film heescht dann och ganz simpel Corona.

De Film, dee knapp eng Stonn dauert an un engem Stéck gedréint gouf, spillt an engem Lift, deen hänke bleift. Gefaangen si 7 Noperen, dorënner och eng Chinesin. Jidderee verdächtegt hatt, déi aner mam Virus unzestiechen. Séier fänkt d'Situatioun un mat Eskaléieren.

Corona beschäftegt sech net mam Virus direkt, ma virun allem mam Rassismus. An de leschte Woche war et keng Ausnam, dass chinesesch Matbierger evitéiert a chinesesch Restaurante boykottéiert goufen. Och wann de Virus aus China kënnt, Jidderee kann e kréien a Jidderee muss zesummenhalen, fir en ze bekämpfen. Dat ass de Message vum Film Corona.

Geplangt war, de Film am Summer op de grousse Filmfestivallen ze weisen. Well dës awer schonn zu engem Groussdeel ofgesot goufen, kéint de Film vläicht scho geschwënn Gratis per Stream zur Verfügung stoen.