Elo ass déi perfekt Zäit fir sech endlech e Vollbaart wuessen ze loossen. Déi éischt puer Méint sinn déi schwéierst, mee déi verbrénge mer jo Doheem.

Restauranten, Caféen, Discoen, Kinoen, quasi alles ass zou. Och d’ Coiffeurssalonenbleiwen dovun net verschount. Momentan kritt keen d’Hoer geschnidden, ausser et mécht een et selwer. Verschiddener loosse sech och e Baart wuessen. A jiddereen deen et scho mol probéiert huet, weess, dass dat guer net esou einfach ass. E flotte Vollbaart brauch Disziplin a ganz vill Fleeg.

An deenen éischte Wochen ass et wichteg en einfach emol wuessen ze loossen a sech net ze raséieren. Kléngt einfach, kann allerdéngs richteg schwiereg ginn. Well no enger Zäit fänken déi méi laang Hoer un extrem ze picken a verursaachen och mol Pickelen. Och wann der nach déi eng oder aner Lück am Baart hutt, lount et sech weider ze maachen. Déi ginn nämlech lues a lues zou, well déi méi laang Hoer driwwer wuessen.

Net ze vergiessen ass e reegelméisseg ze kämmen. Am beschten all Mueren, esou kann een nämlech och déi eng oder aner Plaz wou net esou vill wiisst verstoppen. Heifir benotzt der e eng extra Biischt a kee Kamm. Kämmt Form an d'Hoer, aplaz se eran ze schneiden. Schneid just d’Konturen, de Recht mécht de Barber méi spéit.

Wat der awer reegelméisseg musst maachen, ass är Pracht ze wäschen. Am beschte maacht der dat an der Dusch, dat allerdéngs net mat engem Duschgel mee engem Bartshampoing.

No ronn 2-3 Méint ass et dann un der Zäit, dass de Coiffer d’Saach en d’Hand hëlt an eng anstänneg Form era bréngt. Dono ass et un iech de Baart reegelméisseg ze fleegen an ee mol pro Woch just d’Konturen ze maachen.

Villäicht hutt der jo esou iwwert d’Corona-Zäit ären neie Style fonnt.

Lauschtert eran