Een zweete Croissant mueres, e puer Stécker méi vum Schockela wéi gewinnt...Doheem am Home-Office ass gesond Iesse bal nach méi schwéier. Hei e puer Tipps:

Den Home-Office stellt vill nei Erausfuerderungen un eis. An eng dovun steet an der Kichen. A Form vun eisem Frigo. De Wee bis dohinn ass net wäit, an et si keng Mataarbechter do, déi ee mat groussen Ae kucke, wann een sech nom Mëttegiessen am Plaz vun engem, einfach emol 3 Snickers gënnt. Wéi kann een sech do nëmme stoppen, a sech weider gesond ernähren?

Ma et fänkt schonn am Supermarché un: wann der iech ongesond Saache kaaft, ass d’Gefor zu quasi 100% do, dass een déi dann och ësst. A well ee méi doheem ass, schneekt een dann och méi dacks. Dat heescht zwar elo net, dass een op de Liiblingschockela verzichte muss, mee et gëllt eng Balance ze halen.

Wann der är Ernährung wëllt ganz ëmstellen, probéiert der dat am Beschten an Etappen ze maachen. Wann der scho vill verschidde Saache gären hutt, ass dat natierlech méi einfach. No an no, probéiert der dann déi Saachen op der Säit ze loossen, déi net sou gutt fir Iech sinn, a méi gesond Liewensmëttel ze kafen. Da bleiwt der och bei der Staang an der demotivéiert Iech net esou staark. Grad de Moment, ass dat nämlech schlecht, an der riskéiert soss nees ganz séier a schlecht Gewunnechten ze verfalen. Duerch déi aktuell Situatioun si mer nämlech souwisou méi gestresst.

A grad de Moment si mer jo gezwongenerweis vill doheem. Dat heescht awer och, dass d’Excuse vun „ech hu keng Zäit ze kachen“ net gëllt. Virun allem ginn et ganz vill Rezepter, déi net vill Zäit an Usproch huelen, an awer Iech an ärem Kierper déi néideg Ofwiesslung kënne ginn. Also ab an d’Kichen, a fänkt un de Bräiläffel ze schwéngen. Well Kache ka ganz vill Spaass maachen.

Lauschtert hei eran!