Fuerscher vum MIT ass et gelongen, de Coronavirus ze vertounen.

Lauschtert eran!

A leschter Zäit huet warscheinlech jidderee schonn eng Foto vum Coronavirus gesinn. Typesch: De sougenannte „Spike-Protein“, deen dem Virus wéinst senger spezieller Form och den Numm gëtt. Elo huet e Fuerschungs-Team ronderëm de Markus Buehler vum Massachusetts Institute of Technology déi Struktur vum Corona-Spike-Protein benotzt, fir doraus e Sound ze kreéieren.

D’Technik fir den Opbau vu Proteinnen a Musek ze iwwersetzen hat de Buehler mat senger Ekipp schonn d’lescht Joer entwéckelt. D’Fuerscher konnten nämlech beweisen, datt di verschidden Aminosaieren, aus deene Proteinner bestinn, och alleguer individuell eng eege Struktur hunn – deemno och en eegene Klang. Och de Spike-Protein vum Coronavirus besteet aus esou Aminosaier-Moleküller, déi jee no Gréisst oder Gewiicht charakteristesch Schwéngungen hunn. An déi huet d’Fuerscher-Team vum MIT mat Hëllef vun engem Computer an héierbar Frequenz-Beräicher ëmgewandelt.

A wéi kléngt en dann elo, dee béise Virus, deen eise ganze Planéit aktuell am Grëff huet? Ma guer net esou grell an ellen ewéi ee géif mengen – éischter berouegend a meditativ.