Am Private grillen ass natierlech erlaabt. Ma duerch d'Noutstandsmesurë ginn et och beim Grillen eng Rëtsch Ännerungen.

Gutt Wieder, e verlängerte Weekend a soss ass net vill lass – et ass déi perfekten Zäit, fir de Grill erëm unzefänken. Ma leider gëtt et mat der Grillparty schwéier, wann et jo net erlaabt ass sech mat Leit ze versammelen.

Grillen erlaabt mat Matbewunner oder eleng
Virop sief gesot, dass et natierlech erlaabt ass ze grillen. Ma a Parken, op Wisen oder soss op ëffentleche Plazen dierf een dat natierlech net. Et gëllt jo weiderhin just eraus ze goen, wann dat och onbedéngt néideg ass, grillen zielt do net dozou. Doheem, z.B. am Gaart oder op der Terrasse ass et erlaabt, dat awer nëmme mat deene Leit, déi souwisou scho mat engem zesummen ënnert engem Daach liewen.

Elo kéint ee jo diskutéieren an argumentéieren, awer Kolleegen a Famill invitéieren a probéieren 2 Meter Distanz ze halen oder eleng op deenen ëffentleche Plaze grillen op deenen een dat soss huet dierfen, mä ass et dat wierklech derwäert? Maacht iech, de Polizisten an deenen aneren e Gefalen a loosst et einfach fir d'Zäit vun der Kris sinn.

Police kannt och privat Fester ënnersoen
Dobäi sief och nach emol gesot, dass d'Police och am private Beräich ka kontrolléieren a Strofe ka verdeelen.

An deem Sënn ass et och keng gutt Iddi dat ganzt no bannen ze verleeën, grad wann ee mat Holzkuel grillt. Dobäi entsteet nämlech Kuelemonoxid, dat sech am Raum sammelt, no näischt richt an am schlëmmste Fall zum Dout féiere kann. Dofir ass et och keng Optioun an enger Garage mat Holzkuel ze hantéieren, och wann d'Garagëpaart op ass.

Beim Akaf solidaresch sinn
An och wann de Weekend elo laang gëtt an deen een oder aneren Angscht huet, dass et mam Gegrills net duergeet, loosst deenen anere Leit och eppes iwwereg. Spéitst den Dënschdeg sinn d'Supermarchéë jo erëm all op.

Fir de Rescht ass et dat selwecht wéi ëmmer: de Grill sollt op engem festen a riichten Ënnergrond stoen, brennbar Flëssegkeeten hunn an der Géigend vum Grill näischt verluer an och soss sollt ee kucken, dass ee sech selwer an déi aner net a Gefor bréngt. Dozou gehéiert och e gewëssenen Ofstand zum Grill.

An da gëllt et natierlech och sech un déi generell Gesetzer ze halen, onofhängeg vun den aktuellen Noutstands-Mesuren.

Weider Reegele ronderëm d'Grillë fannt dir hei!