Een einfachen a leckere Maufel, dee sécher sat mécht: dat ass de "Strammer Max" aus Däitschland!

Nee et ass kee Plat wou eisen Eldo-Max eppes domat ze dinn hat. Mee wat sécher ass: dat hei ka jiddereen nokachen!

Lauschtert hei eran!

D'Geschicht

De "Strammer Max" besteet eigentlech just aus Brout, Eeër a Speck. Et fënnt een se zwar och mat gekachter Ham, mee dat ass dann och eng Affaire de Goût. Ech kënnen dëse Plat scho ganz laang, virun allem awer mat Speck, an och eeben ënnert dësem Numm. Mee wéi ech en elo mat an d’Corona Cooking Tipps geholl hunn, sinn ech emol nokucke gaangen wisou en iwwerhaapt esou heescht.

Also: den Ausdrock Strammer Max, kënnt aus dem Sächseschen an ass do ronderëm 1920 entstanen. Deemools huet een een erigéierte Penis gemengt, wann ee vun engem “Stramme Max” geschwat huet. An wëll de Plat eeben esou eng anstännegt bepaakte Schmier ass, huet en do säin Numm kritt. De Plat kënnt nämlech och aus der sächsescher an der Berliner Kichen. Elo fënnt een en awer esou zimlech iwwerrall an Däitschland. Wann och mat Variatiounen, wéi zum Beispill mat Kéis, Kornichong, oder Leberkäse. Dann ass en och deels als "Strammer Otto" oder "Stramme Liese" op der Kaart. Mee och hei, bleiwe mer beim Klassiker.

Wann direkt 4 Persounen ee Stramme Max wëllen braucht der:

  • 4 Schmieren däischtert Brout
  • 4 Eeër
  • 8 Sträife Speck
  • A Botter oder Margarine fir op d’Schmieren an an d’Pan

Wann der natierlech ganz vill Honger hutt, an een Stramme Max net duergeet, dann einfach verduebelen oder verdräifachen! Dann fir déi Leit déi kee Schwengefleesch iesse: einfach Bündnerfleesch oder Jambon de Boeuf huelen! Dat ass nämlech alles vum Rand, an huet awer och dee salzeche Goût vum Speck.

Dann zum Rezept: Et ass virun allem herrlech einfach! Also och fir all Ufänger dat richtegt. Als éischt maache mer Botter op eis Schmieren. An enger richteg waarmer Pan kënnen déi gebottert Säiten dann eemol kuerz ugebrode ginn. Duerno einfach an der Pan de Speck schéi knuspereg broden. Fir dass dësen net kal gëtt, kënnt der en op engem Teller bei 100 Grad an de Schäffche stellen a waarm halen. Duerno dann d’Spigeleeër an der Pan maachen. Wann der dat léiwer hutt, kënnt der do och nach emol e bësse Botter dra schmëlze loossen, ier der d’Eeër dramaacht. Salz a Peffer iwwert d’Eeër a schonn ass dee schwéiersten Deel gepackt! Duerno huelt der dann är Schmieren mat der gebotterter Säit no uewen, a leet als éischt de Speck an dann d’Spigelee drop. A schonn hutt der ee Stramme Max um Teller leien!