Jidderee streit sech emol. Sief dat ënner Gesëchter, ënner Kollegen oder natierlech och an enger Bezéiung.

Ma an do ginn et esou puer Säz, déi ee an esou enger Situatioun wierklech léiwer net soll soen. Well dat kann emol béis no hanne lass goen.

Lauschtert hei eran!

„Firwat kanns du net esou si wéi fréier“

Esou ee Saz ka wéidoen ze héieren. Besonnesch wann een an enger laanger Bezéiung ass, ass et ganz normal, dass béid Partneren sech änneren. An dat emol net forcément express oder am negativen. Villäicht huet een sech och grad besonnesch dru ginn, verschidde Gewunnechten ze änneren, fir dem Partner eng Freed ze maachen. Wann een dann awer esou ee Saz héiert, dee suggeréiert, dass ee fréier besser war. Dann deet dat wéih! Natierlech kann et sinn, dass ee verschidden Aspekter vermësst. Mee dann seet een dat éischtens, net beim Streiden. An zweetens, kann een jo dann konkret dat uschwätzen wat engem feelt.

„Dat ass alles nëmmen deng Schold“

Bei dem Saz denkt ee sech schonn esou einfach just „autsch“. Wann een dann och nach d’Persoun ass, déi en un de Kapp geheit kritt, deet et richteg wéi. Engem Schold zouweisen fir iergendeppes wat falsch leeft maache mer alleguer. Mee an der Bezeiung just engem d’Schold ze ginn, ass sech awer och gären d’Saach e bëssen einfach maachen. Meeschtens gehéieren zwee dozou. Wa Problemer an der Koppel do sinn, musse béid Partner och hiert eege Verhalen an déi eegen Aktiounen a Fro stellen. Nëmmen da kann een och wuessen!

„Wanns de mech wierklech gär häss, da géifs de...“

Wann esou ee Saz am Sträit kënnt, da kënnt der scho mol sécher knécken, dass dësen doduerch eriwwer ass. Wahrscheinlech, ass souguer éischter de Géigendeel de Fall! Dëse Saz ass esou eng Mëschung tëscht Erpressung, an dem „A Fro stellen“ vun der Léift vun ärem Partner. An den eegene Partner z’erpressen mat senger Léift ass schonn eng hefteg Aktioun. Seet een dat awer an engem anere Kontext wéi engem Sträit, kann dat natierlech ganz anescht opgeholl ginn. Sëtzt de Partner virun der Tëlee an et wëll een eigentlech eppes gaaaanz anescht maachen, kritt der en domat villäicht motivéiert mol sech mat Iech ze beschäftegen...