Bei den Dokter gi mer deels net méi, mee dat gëtt elo iwwer Telefon a Video gemaach. An zu Lëtzebuerg klëmmt dës Zuel ëmmer méi.

Wärend der Kris sinn déi alldeeglech Saachen, déi ee soss esou gemaach huet, net méi méiglech. Grad esou bei den Dokter goen. Natierlech soll ee bei Urgencen oder soss dréngenden Traitement nach ëmmer physesch op d'Plaz goen, mee fir d'Verbreedung vum Covid-19 anzedämmen ass d'Plattform eConsult an d'Liewe geruff ginn. Op Distanz kann een hei mat engem Dokter a Kontakt trieden a sech iwwer Telefon oder Video behandele loossen. An dës Zuel klëmmt all Dag weider.

Iwwer 3.000 Teleconsultatioune bis ewell

Der Santé no benotzen antëscht 600 Dokteren déi nei Plattform, iwwer 4.000 Patiente sinn ageschriwwen a gutt 3.000 Consultatioune goufen da scho gemaach. Mat dëser Hausse klammen och d'Froen, déi d'Patienten hunn: Wéi funktionéiert dat Ganzt? Op wat muss ech oppassen? Déi responsabel Acteuren hunn zesummen eng Aart Guide op d'Been gestallt. Et handelt sech ëm en Tutorial, deen a 4 Etappen erkläert, wat ee virun, während an no der Consultatioun maache muss.

App, déi Covid-19-Patienten doheem begleet

Um Site esante.lu sinn och all d'Dokteren opgelëscht, déi op d'Teleconsultatioun zeréckgräifen an déi ee kontaktéiere kann. Donieft gëtt et dann e weideren Tool, dee Persoune benotze kënnen, déi sech mam Virus infizéiert hunn an déi esou aus der Distanz behandelt kënne ginn. D'Applikatioun Maela zielt antëscht 388 Patienten, déi esou doheem begleet ginn. Dëse Service riicht sech u Leit, déi isoléiert bei sech doheem sinn oder grad aus dem Spidol entlooss goufen.

Iwwerwaachung duerch Fachleit vun der Santé

Et ass keng Mussesaach, mee kann op fräiwëlleger Basis genotzt ginn a soll gläichzäiteg och hëllefen, datt sech de Virus manner séier verbreet. Esou bal de Patient ugemellt ass, muss dësen all Dag e kuerze Froebou ausfëllen, dat während 2 Wochen. D'Iwwerwaachung gëtt duerch en Team vu Fachleit vum Gesondheetsministère assuréiert. Verschlechtert sech den Zoustand, kann een direkt agräifen an déi néideg Demarchen huelen.