Eis Formater informéieren an entertainen net just während der Kris!

Op der Sich no Informatiounen an Entertainment ginn ëmmer méi Leit Podcast-Lauschterer. D’Konzept vum Podcast setzt sech weltwäit duerch a vun News-Formater, bis Entertainment, bis Nischen-Themen ass hei alles dobäi. Den Eldo zielt mëttlerweil schonn 3 verschidde Podcasts: Keck!, Juuubel a Schaarfen Ueleg.

Ugefaange mat dem éischten Eldo-Podcast: Keck! Wéi d'Leit zu Lëtzebuerg am Stau wësse si wou se hi wëllen, sinn awer nach net ganz ukomm. Mat si sinn d’Sarah, d’Lynn an d'Catherine gemengt. 3 Fraen, déi déi nämmlecht Sprooch schwätzen an awer zimmlech verschidde sinn. Nennt eis einfach Keck! Mir behandelen Aktuelles, Themen déi eis beschäftegen, Privates -  Am Fong kéint ee soe mir deelen alles mat iech an dat mëttlerweil Zweemol de Mount.

Ma net just déi 3 hate Loscht an de Mikro ze schwätzen, och de Serrig an den David, déi der soss all Freideg zesummen um Radio héieren hutt, hunn hiert Gebraddels vermësst. A wa se net déi eenzeg sinn déi et vermësst hu kënnt der elo jubelen - also wuertwiertlech! Bei Juuubel gëtt et nostalgesch, geckeg Aktioune kommen un d'Liicht a philosophéiert gëtt natierlech och. A fir all déi ongedëlleg ënnert iech a 25 Minutte sidd der duerch.

Staarken Tubak eis Podcasts oder besser gesot Schaarfen Ueleg. Dat ass den 3. Eldo-Podcast, deen der iech hei ulauschtere kënnt. Wann der et maacht, dot iech allerdéngs net ze waarm un, schaarfen Ueleg dreift iech och esou d’Schweesspärelen op d’Stier. De Ben an de Chris maache sech gären op d’Sich no aussergewéinleche Mënschen déi eppes ze zielen hunn. Ma selwer hu se och genuch Storyen op Lager. Hir Raibergeschichte ginn et ee Mol de Mount. Mee opgepasst: schaarfen Ueleg brennt net nëmmen eng Kéier.

Wann der lo direkt lauschtere wëllt, dat geet ganz easy an zu all Moment ënnert der Rubrik Podcasts op eldo.lu!