Ee lëtzebuergesche Plat mat villen Nimm, a ville Variatioune.

Eigentlech ass et och egal wéi een se nennt, Gromperen an all Form sinn einfach nëmme mega lecker! An d'gefocksten oder gebootschte Grompere, sinn och eigentlech bei jidderengem beléift!

Lauschtert hei eran!

D'Geschicht

Et ass emol nees Zäit fir eis Lëtzebuergesch Kichen. An do hu mer hei een herrlech einfache Plat, deen een immens gutt mat anere Saache ka kombinéieren. Déi meescht kennen d’gefockste Grompere warscheinlech als gebroden oder gebootschte Gromperen. Et gëtt och nach eng Hällewull un anere Nimm fir dëse Plat an och ganz vill verschidde Versiounen. Dacks gi se mat Botter a Speck ugebroden. Ma dat hei ass awer ee ganz aalt Rezept, wou zum Schluss ee Schotz Kaffi iwwert d’Grompere geschott gëtt!

D'Rezept

Dir braucht fir 4 Persounen:

  • 1 Kilo Gromperen
  • Annerhallew Taass Waasser
  • 2 Téiläffele Salz
  • +- 100 ml Kaffi
  • Sauerram

Als éischt d’Grompere gutt ofwäschen an da schielen. Déi geschielte Gromperen dann a Stécker schneiden. Kuckt dass d’Stécker esou gutt et geet déi selwecht Gréisst a virun allem Déckt hunn. Da brauch der een Dëppen, oder eng Pan mat engem héije Rand, wou d’Gromperen och net ze vill upeche kënnen. Ideal ass do eent aus Goss. Mee och normal Panen, mat enger gudder Beschichtung, kënne geholl ginn. An d’Pan oder d’Dëppe maacht der dann d’Gromperen, dann d’Waasser an d’Salz. Déi loosst der do goen, bis et no gebrodene Grompere richt. D’Gromperen da rëselen oder vum Dëppebuedem lassmaachen. Dann den Deckel nees drop an nach weider brode loosse bis se duerch sinn. Pickt mat enger Forschett dra fir erauszefannen, op se och schéi mëll sinn. Wann d’Grompere gutt sinn, huelt der de Kaffi a Schëtt deen iwwert är Gromperen. Da kënnt der se och schonn zerwéieren, ideal mat Sauerram.
Der kënnt Iech awer och Geméis dobäi maachen, ee Spigelee, oder wat soss gefält.

Haaptsaach et schmaacht!