Duerch Virbestellungen halen d’Schüler hire Projet um lafen a steieren esou Sue fir de Kampf géint de COVID-19 bäi.

E Produit kreéieren, deen ëmweltfrëndlech an innovativ ass, dat war d’Zil vu 7 Schüler aus dem Lycée Robert Schuman, déi am Kader vum Projet "Mini Entreprise" d’Frëschkëscht an d’Liewe geruff hunn. Dëst ass eng eng Këscht mat saisonalen a regionale Produiten, déi ausschliisslech vu Lëtzebuerger Bauere kommen. Mir haten d’Schüler scho mol am Interview, ma elo, duerch déi momentan Kris huet sech villes geännert a punkto Commerce.

Wéinst den aktuelle Mesure kënnen d’Schüler d’Frëschkëscht fir den Ament natierlech net direkt un d’Leit bréngen. Ma d’Schüler wollten hire Projet dowéinst awer net ofbriechen an hu sech iwwerluecht wéi si net just hir eegen Entreprise an dësen Zäite kënne weiderféiere mee och aktiv eppes géint d’Kris ze maachen.

Zesumme mat den Hopitaux Robert Schuman huet Frëschkëscht eng Spendenaktioun lancéiert, bei där bei all Kaf vun enger Këscht oder Abonnement 5% vum Totalpräis un d'Klinicke gespent ginn. Déi kënnen dann doduerch 20 professionell Néiesche bezuelen, déi fir dat medezinescht Personal vun den Hopitaux Robert Schuman Tyvek 600 Plus-Schutzkleedung bitzen.

D’Mini-Entreprise ass da mam gudde Beispill virgaangen an huet vu sech aus 200 Euro gespent. Wann dir och eppes dozou bäidroe wëllt an no der Kris är Frëschkëscht virun d’Dier wëllt geliwwert kréien, da kënnt der ganz einfach eng Virbestellung maachen. D’Këscht mat de saisonalen a regionale Produiten, kënnt dann esoubal de Confinement eriwwer ass bei iech un an dir kënnt se mat guddem Gewësse genéissen.

Bis de 4. Mee geet d'Spendenaktioun vun der Mini-Entreprise Frëschkëscht nach.