D'Corona-Kris huet villen Evenementer e Stréch duerch d'Rechnung gemaach, esou och dem traditionelle Rendezvous "Student fir 1 Dag" vun der ACEL.

Lauschtert eran!

Fir d'Ofschlossklasse sinn et dëst Joer ganz aner Konditiounen: Zënter e puer Woche sinn d'Schoulen zou an och d'Premièresexame gestalte sech anescht wéi déi Jore virdrun. Fir vill vun hinne geet et duerno weider op d'Uni an am Virfeld gëtt sech entspriechend informéiert. D'ACEL steiert Joer fir Joer dozou e groussen Deel un Informatiounen bäi, ma dëst Joer huet déi 16. Editioun "Student fir 1 Dag" missten ofgesot ginn.

Et huet een awer en anere Wee fonnt. D'Christelle May vun der ACEL: "Mir hunn ebe gekuckt, fir all Dag bal 3 Videokonferenzen ze hunn. Dat heescht eng moies, eng mëttes an eng géint der Owend, fir dass do wierklech alles laanscht enee geet." Wéi déi zoustänneg Vizepresidentin fir d'Informatioun erkläert, wéilt een de Jonken esou trotzdeem d'Méiglechkeet ginn, sech iwwert déi jeeweileg Unisstied z'informéieren an hinnen ze hëllefen.

Organiséiert gëtt dat Ganzt mat den eenzele Cerclen. Et ass gratis, wat ee brauch ass en digitalen Apparat an eng speziell Applikatioun. "Hei kréien d'Schüler vun de Lëtzebuerger Studenten déi wichtegst Informatiounen: Wéi ee sech op den Unien umellt, wéi een am beschten eng Wunneng fënnt, op wat ee besonnesch oppasse muss." Et gi Videokonferenze fir 21 Stied organiséiert, spéitstens den Owend virdru muss een ugemellt sinn, fir de Link geschéckt ze kréien.

Am Virfeld soll ee sech d'App eroflueden, fir deelzehuelen a sech och domat vertraut maachen. Bei Problemer soll een eng Email u contact@acel.lu schreiwen. "Op kee Fall schei sinn. Dass een op alle Fall ka bei dëse Konferenze matmaachen och wann een elo net seng Kamera wëll umaachen oder säi Mikro wëll umaachen (...) dass een eben och en Chat dobäi huet, kann een natierlech och seng Froen einfach all an den Chat schreiwen."

Der ACEL ass et wichteg, och an esou aussergewéinleche Situatiounen de Jonken Äntwerten op hir Froen ze ginn. Dat virtuellt Event geet vum 27. Abrëll bis 3. Mee wéi och den 9. Mee. D'Auerzäite changéieren all Dag, pro Cercle huet een dann en Austausch vu gutt 2 Stonnen ageplangt. Nieft dem Studentevertrieder sinn och Studente vun de jeeweilegen Unisstied mat dobäi, déi jidderengem – net just de Primaner - Froen iwwert d'Stied an natierlech d'Studenteliewen beäntweren.