Eis 4 Animateuren aus der Woch huelen dëst Joer d'Faaschtenzäit eescht & jidderee wäert 40 Deeg laang op eppes verzichten!

Eise Mann aus der Morning Show, den Andy wäert 40 Deeg op Kaffi verzichten! Jo dir hutt richteg gelies - op KAFFI! Ob hien dat packe wäert?!

Am Virmëtteg wäert de Massimo iech déi nächst Wochen zielen, wéi schwéier et him fällt näischt Séisses z'iessen - keng Snacks also fir eise Massimo déi nächst 40 Deeg!

Eist Crazy-Cat aus dem Nomëtteg probéiert dann emol méi ëmweltbewosst an nom Motto "less waste" ze liewen - op wéi eng Schwieregkeeten hatt wuel stéisst?

Am Feierowend wäert de Max iech dann zielen, wéi et fir hien ass 40 Deeg laang op Fleesch ze verzichten - kritt hien et hin, seng Ernierung ëmzestellen?

Dag 20 vun eisen Animateuren - D'Hallschent ass gepackt!

D'Faaschten-Challenge vun eisen Animateuren dauert scho 40 Deeg. Oder sinn et eréischt 40 Deeg?

An der Hallschent kann ee soen, dass et engem Groussdeel vun eisen Animateuren einfach fält. Den Andy seet esouguer, hie géif och no der Faaschtenzäit komplett op Kaffi verzichten. Beim Massimo op der Wo gesäit een och Resultater an am Allgemenge kuckt ee relativ zouversiichtlech op déi nächst 20 Deeg.

Lauschtert hei den Update

Dag 17 vum Max - Ouni Wäisheetszänn brauch ee kee Fleesch

Aktuell ass et de 17. Dag an ech ka wierklech net behaapten, dass ech d'Fleesch vermëssen. Heiansdo wann ech ee gesinn deen e gudde Wupp oder e Steak ësst, da leeft mer zwar schonn e bëssen d'Waasser am Mond zesummen, ma et ass awer net esou, dass ech einfach esou doheem sëtzen a bemol denken:,,Ai elo e gutt stéck Fleesch".

De Mëttwoch krut ech och nach e Wäisheetszant gerappt an dat huet mer effektiv an d'Karte gespillt. Vill knaen ass jo net onbedéngt ubruecht nodeems een en Zant gerappt krut an dofir ass eng gutt Geméiszopp iwwert déi Deeg richteg gutt komm. An deem Sënn nach eng Kéier Merci u mäin Zänndokter fir d'Ënnerstëtzung. Falls ech sollt mierken, dass ech no e puer Deeg réckfälleg ginn, loossen ech mer einfach nach een Zant rappen.

Fir de Recht sinn ech méi wéi optimistesch. Mëttlerweil sinn et nëmmen nach 3 Deeg, da si mer schonn an der Hallschent ukomm. D'Glas ass bei mir also ëmmer hallef voll a gi weiderhi ganz positiv un déi Saach erun. Ech hunn esouguer d'Léift zu de Falafelen entdeckt. Déi frittéiert kleng Bullen aus püréierte Bounen oder Pois-chiche sinn effektiv richteg gutt a wäert och no der Challenge nach dacks dorobber zeréck kommen.

Wann ech déi ganz Challenge bis elo, an 2 Wieder misst beschreiwen, da géing ech soen: Kee Problem

Dag 16 vum Catherine - Am Krankeschäin ass d'Gefor vu Plastikkonsum jo kleng, oder?!

Wann een de ganze Weekend kee Fouss virun d'Dier setzt a sech méindes moies trotzdeem wéi am Hangover fillt, da weess een iergendeppes stëmmt hei net. Dës Woch war fir mech virun allem vun enger zouener Nues, déckem Kappwéi an Halswéi gepräägt an esou war mäin éischte Wee um Méindegmoien, dee bei d'Doktesch. Am Wartesall ass mer opgefall, zwar hu vill Leit virbildlech Waasser gedronk, ma jiddereen hat seng eegen Drénkfläsch fir opzefëllen dobäi a keng Plastiksfläsch fir ewech ze geheien. Sou schlecht et mer dee Moment och gaangen ass, déi Erkenntnis huet mech iergendwéi e bëssen opgebaut.

Wärend der Untersuchung ass et dann awer net esou einfach op Plastik ze verzichten an dat ass och ganz normal fir den Ament. Et brauch een eben einfach fir all Patient en neien Opsaz fir an d'Ouer ze kucken oder wéilt dir iech där ee mat ärem Noper aus dem Wartesall deelen? An deem Fall ass et eng Saach vun Hygiène a fir mech absolut keen Thema ob dat géint meng Challenge verstéisst oder net. Mee wie weess, villäicht gëtt et och do iergendwann eng méi ëmweltfrëndlech Léisung.

Dat selwecht gëllt fir Medikamenter, sief et Houschtsirop oder Pastille fir den Hals, déi sinn dacks onnéideg verpak. Ma wann ee se verschriwwe kritt, da kann ee schlecht soen "nee Merci, da sinn ech léiwer méi laang krank". Wéi gesot, villäicht kënnt och do iergendwann en Ëmdenken, esou wäit dat méiglech ass.

Fir de Recht ass mer meng Challenge déi lescht Deeg awer net schwéier gefall, wéi och? Ech hat keen Appetit an hu mech net aus mengem Bett beweegt. Hätt ech allerdéngs missen akafe goen oder ee fir mech schécken, da wär et méi schwiereg ginn. Am Krankeschäi kann ech jo net onbedéngt an dee Buttek goen, dee fir meng Challenge am logeschsten ass. Genee esou wéineg hätt ech mech gutt dobäi gefillt engem anere ganz genee Uweisungen ze ginn. Gutt dass mäi Motto ass: Fir d'éischt all déi Saachen opbrauchen, déi ech nach doheem hunn, och wann déi deels verpak sinn - hei gëllt ganz kloer: Et bréngt jo och näischt Saache fort ze geheien!

Esou lues gi meng Reserven awer op en Enn (och am Buedzëmmer) an dat heescht elo gläich kënnt de Switch an ech muss mäi Kafverhalen ëmstellen. Wéi dat ausgeet an ob ech mech zum Beispill mat festem Shampoing ufrënne wäert, dat gitt dir (an ech) an de nächsten Deeg a Woche gewuer. #learningbydoing

Dag 15 - Den Andy fillt sech gutt ënnerstëtzt

Et leeft sou lues. U Kaffi denken ech scho guer net méi.
Hahaha.

Jo dat giff ech mir selwer gäre soen. Ganz sou einfach ass et awer net. Et ass scho richteg, ech denken ëmmer MANNER u Kaffi. Ganz vergiess ass di lecker schwaarz Zopp awer net.

Zum Beispill gëscht. Ons't Sarah kënnt bei mech moies an de Studio. Wat huet hat an der Hand? Natierlech e leckere Kaffi. Schonn huet de ganze Studio no Kaffi geroch. Och de Weekend vermëssen ech dat iergendwéi.
Dee leckere Geroch vu frëschem Kaffi? Fann dir net och dass Kaffi besser richt wéi schmaacht? Ass allgemeng sou nee?

Et geet mir awer gutt. Ech hunn absolut guer kee Kapp méi wéi a sinn och moies net méi sou midd wéi di éischt Woch. Ech sinn am Fong genau sou fit wéi wann ech Kaffi drénke géing. Scho komesch nee?

Nach méi schwéier wéi de Kaffi fält mir awer de Verzicht op Séissegkeeten. Boah krass. Ech probéieren och am Alldag et sou schonn duerch ze zéien awer d'Versuchungen hei um Büro sinn einfach ze grouss.
Nach packen ech awer och dat.... NACH!

Ech hätt dat och ni geduecht, mä de Verzicht op Séissegkeete fält mir definitiv vill vill méi schwéier wéi de Verzicht op Kaffi.

Gott sei Dank ginn et vill Leit déi mech ënnerstëtzten. Zb och op Insta.
Do krut ech zb déi heiten Noriicht eran vun Eldo-Morningshow-Nolauschterer déi d'Faaschtenzäit och mat duerchzéien!

Cool! Dat hëlleft a gëtt mir Energie!
Mir sinn all zesummen en Team!

Ech sinn trotzdeem frou wann d'Faaschtenzäit eriwwer ass.
Da gëtt et fir d'éischt mol eng gutt Cornet-Vanills-Glace... oder 3!!

Andy

Dag 13 vum Massimo - De gudde Wëllen war do

All Dag zwou Mëtschen, een Dessert an ee Stéck Schockela. Dat war bei mir de Minimum! Ëmsou méi erstaunt sinn ech, wéi einfach et fir mech ass, ob Snacks ze verzichten. Ech mengen, mäi Kierper huet sech och schonn ëmgewinnt. Den Honger am Nomëtteg ass fort, esou dass et fir mech aktuell mol net néideg ass, iergendwellech Alternativen ze sichen.

Ech sinn ëmsou méi houfreg, well d'Versuchunge lescht Woch wierklech immens schlëmm waren. Meng Schwéiermamm huet mir eng ganz Këscht Ferrero-Rocher geschénkt (Si wosst bis elo näischt vu menger Challenge) an och um Inselpatt-Freide goufen et nieft Chipsen esouguer Mini-Burger, Mini-Hot-Dogs a Mini-Pizza. Streng geholl sinn dat net wierklech Snacks, ma d'Redaktioun huet Nee gesot.

E Samschden ass et an de Kino gaangen a well ech mir en Horror-Film ouni Snacks net virstelle konnt, sinn ech an e Kino gaangen, vun deem ech wousst, dass et do e puer Alternative ginn. Wéi am Supermarché konnt een sech hei mat Nëss a gedréchente Friichten zerwéieren. Gutt gelaunt souz ech da mat mengen "gesonde Snacks" am Sall bis déi béis Iwwerraschung koum. Egal ob Mandelen, gedréchent Banannen oder Kokosnoss, alles war mat enger Schicht Zocker iwwerzunn. Bestëmmt méi Kalorien wéi Popcorn. De gudde Wëlle war also do, ma vläicht hätt ech och besser missen oppassen...

Fazit

Motzen an no Ausriede sichen hëlleft net! Et gëllt sech elo weider ze konzentréieren an esou weider ze maache wéi bis ewell. Ëmmerhin réckelt de Bretzelssonndeg ëmmer méi no. Op der Wo huet sech iwwregens Näischt gedoen. Dat huet awer mengen ech domat ze dinn, dass ech lescht Woch dräi Mol am Restaurant war...

Massimo

Dag 10 vum Catherine - De gréisste Problem ass ee selwer

Schonn déi leschte Kéier hunn ech gemierkt Präparatioun ass ALLES! Wie sech e bëssen organiséiert, dee muss och net onbedéngt verzichten, esou ass dat mol an deene meeschte Fäll.

Am Aarbechtsalldag hunn ech e puer Klengegkeeten ëmgestallt, esou ginn ech mer d'Iessen an d'Kantin just nach mat menger Ecobox sichen an de Kaffi aus der Cafeteria gëtt et elo ëmmer aus der Taass.

Oder soe mer mol bal ëmmer. Dës Woch hat ech esou eng Woch, do war ech frou, dass de Kapp ugewuess ass, soss hätt ech dee wuel och nach iergendwou vergiess. Ma den Donneschdeg ass et mer du geschitt, dass ech, obwuel ech meng Taass dobäi hat, dës vergiess hunn ofzeginn an esou krut ech ier ech mech versinn hat, de Kaffi am Becher zerwéiert. Vu mengen Aarbechtskolleege krut ech gesot "dat kënnt mol vir" oder "du mëss jo net 0 mee less waste", ma trotzdeem huet mech dee klenge Feeler genervt an ech hat direkt e schlecht Gewëssen.

© Eldoradio

Ma iergendwéi fannen ech dat schlecht Gewësse guer net esou falsch. Esou sinn ech mir bewosst ginn, dass mir déi Challenge effektiv um Häerze läit -well dat Thema eis all eppes ugeet. Dacks denkt een "oh déi Verpackung, op déi kënnt et elo och net un", ma wa kee sech responsabel fillt, da ka sech och näischt änneren. Trotzdeem ass et wichteg ze soen, dass ee "less waste" net just mat engem schlechte Gewëssen an deemno negative Gedanke verbanne soll. All Klengegkeet hëlleft, an all Fail léisst mech menger Responsabilitéit méi bewosst ginn.

Catherine

DAG 9 vum Max - Et fält mer ëmmer méi einfach

Fir mol direkt eng Kéier kloer ze stellen, ech sinn eigentlech eng Persoun déi relativ vill Fleesch giess huet a sech och net virstelle konnt, iwwert eng méi laang Zäit kee Fleesch z'iessen. Elo, wéi ech dat awer am Kader vun eiser Faaschten-Challenge probéiert hunn, hunn ech gemierkt, dass et mer effektiv net schwéier fält. Ok, et ass net ëmmer ganz einfach wann een niewent mer e Cordon Bleu Crème Champignon ësst an ech Räis mat Brokkoli um Teller hunn, mee ech mengen dat ass awer effektiv och déi eenzeg Situatioun an där ech e bëssen ze kämpfen hunn.

Fir de Recht sinn ech optimistesch. Ech géing elo net mengen, dass ech e richtege Vegetarier wäert ginn an dat mäin neie Liewensstil gëtt, mee ech ka mer awer virstellen an Zukunft mäi Fleeschkonsum e bëssen anzeschränken.

Positiv Effekter
Jidderee kennt dat Gefill wann ee sech nom Iesse schlapp a midd fillt. Wann een nämlech dono nees muss urappe mat Schaffen, dann huet ee keng Energie an et géing ee sech am léifsten dohi leeën an eng Sieste maachen.

Genau dat Gefill hunn ech zanter deem ech op Fleesch verzichten net méi! Nom Iesse sinn ech normal sat, ouni mech iwwerfriess ze villen. Ech fille mech weder opgelaf, nach midd oder soss eppes an déi Richtung. Prinzipiell hätt ech mer elo net erwaart, dass de Verzicht op Fleesch esou eppes kéint mat sech bréngen, ma ech sinn elo ëmsou méi iwwerrascht.

Max

DAG 8 vum Andy - Kopfweh des Todes

Ech muss ganz éierlech soen, ech hat nach ni, wierklech nach ni a mengem Liewe sou Kapp wéi wéi elo kuerz nom Stopp vum Kaffi drénken.

Besonnesch schlëmm war et och owes um Virowend vu Buergsonndeg. En plus hat ech du dunn bis Mëtternuecht mam Amy Sendung. De Kappwéi war richteg schlëmm.

Ech ka mech net erënneren jeemools d'Bier sou wéi gehat ze hunn. Gläichzäiteg huet dat mir och ze denke ginn.
Sinn ech wierklech sou ofhängeg?! Wa jo dann ass dat eppes wat mech déck nervt.  Generell nervt et mech wann ech net selwer decidéiere kann/ ausgeliwwert sinn. Dat geet mir am Fliger sou, an hei natierlech och mam Kaffi.

Drénken ech iwwerhaapt nach eng Kéier Kaffi? Ganz éierlech. Ech hätt dat ni geduecht mä ech ka mir et aktuell guer net méi virstellen.

Wéi geet et mam waakreg ginn?
Souguer relativ gutt. Ech fille mech zwar midd moies um 2Auer...mä ganz éierlech dat war och mam Kaffi esou.

War et am Ufank méi schwéier waakreg ze ginn?
Jo effektiv. Déi éischt puer Deeg hunn ech souguer immens Problemer gehat mech an der Sendung ze konzentréieren. An der Tëscht geet dat awer nees méi einfach.

Wéi funktionéiert et mat de Séissegkeeten?
Dat ass effektiv am Moment dat schwéierst. Vill méi schwéier wéi de Kaffi. Erstaunlech. Hätt ech selwer net geduecht.

Vermëssen ech de Kaffi net?
Oh dach all Kéiers. Egal wou een ënnerwee ass, et richt sou dacks no frëschem leckere Kaffi. Dat ass immens schwéier wann een do dann net zougräifen duerf. Am Moment mol nach. Mol kucken op dat sech nach ännert.

Andy

DAG 7 vum Catherine - Wie preparéiert ass muss net verzichten

Bal eng ganz Woch probéieren ech elo schonn esou gutt et geet op manner Verpackungen a Plastik ze verzichten. D'Betounung läit op manner: Meng Challenge ass nämlech net 0 waste mee less waste. Wärend bei less waste schonn eng Partie Changementer musse gemaach ginn, ass 0 waste vun engem Dag op deen Anere guer net méiglech.

Schonn déi éischt Deeg ass mer bewosst ginn, dass ee muss preparéiert sinn, respektiv ëmmer matdenke muss. Esou ass mer den éischten Dag scho bal e Fail geschitt well ech am Café vergiess hat ze preziséieren "ouni Schallimo w.e.g". Gléck am Ongléck, a mengem Drink war e Schallimo aus Kartong an net Plastik.

E puer Deeg drop ass et mer nees geschitt, ma och do hunn ech gemierkt et ass en allgemengt Ëmdenken do: Hei krut ech ouni duerno ze froen eng Nuddel als Schallimo. Problematesch ass wann ee spontan iesse geet, ech iesse mäin Teller nämlech seelen eidel, a wann een net grad säin eegene Behälter dobäi huet ass de Saz "kann ech de Rescht mat heem huelen" zimmlech sécher mat zousätzlecher Verpackung verbonnen.

© Eldoradio

De Weekend war dunn immens schwiereg - ech si vum Eldo op München geschéckt ginn an och hei hunn ech gemierkt, heiansdo bedeit less waste och Verzicht. Wien am Fliger eppes drénke wëll kritt dat eben an engem Plastiksbecher, ausser et huet een och hei virgesuergt a säin eegenen eidele Becher mat duerch d'Kontroll geholl. Um Concert owes wär dat awer net gaangen, do krut een d'Drénkfläsch natierlech net mat eran an esou war de Choix simpel "entweder duuschtereg duerch den Owend oder Waasser aus dem Plastiksbecher".

Wéi ech heemkomm si stoung also fest, datt ech vun elo un ëmmer e Stock un Gedrénksfläschen, Behälter a Besteck mat huele muss. An dat hunn ech dunn owes um Buergbrennen och direkt ëmgesat. Wärend déi eng mat hirem Plastiksgeschier hiren Ierzebulli geläffelt hunn, konnt ech soen "nee Merci, ech hu mäin eegent Besteck dobäi".

Fazit vun der éischter Woch: Less waste ass guer net esou schwéier, wann ee sech bëssen organiséiert. Ma genee dat ass eppes wourun ech dann an deenen nächste Woche schaffe muss.

Catherine

DAG 6 vum Max - Kee Fleesch z'iessen ass schwiereg wann een invitéiert ass

Mëttlerweil ass de 6. Dag vu menger Fleesch-Faaschten-Challenge am gaangen. Ech muss soen, dass ech et bis elo an deenen éischten Deeg relativ einfach fonnt hu fir d'Fleesch op der Säit ze loossen. Och wann een an de Restaurant geet huet een e grousse Choix u vegetaresche Saachen.

Et war nämlech geplangt, dass ech de 26. Februar sollt Chicken-Wings iesse goen. Sou hunn ech mer dann do missten eppes Vegetaresches bestellen, wat eigentlech kee Problem war, allerdéngs hunn ech mech bei menge Leit missten erklären, wisou ech dat bestellen.

Ech verstinn, dass et ongewinnt ass, wann eng Persoun déi eigentlech gär Fleesch ësst, bemol drop verzicht an awer hat ech d'Gefill ech misst mech dofir rechtfäerdegen.

Wichteg ass et awer och ze soen, dass et a mengen Ae just einfach ass sech esou ze ernären, wann ee selwer kann decidéiere wat op den Teller kënnt. Gëschter war ech zum Beispill invitéiert an et gouf richteg gutt gekacht.

Den Haaptplat war esou opgebaut, dass wann ech kee Fleesch géing iessen, da wier et just Räis fir mech ginn. Ech wollt awer virun allem net onhéiflech sinn an net wéinstens e bëssen dovun iessen. Sou ass et da komm, dass ech um 6. Dag réckfälleg gi sinn. Dat allerdéngs net aus Mangel un Disziplin, mee aus Héiflechkeet.

Max

DAG 3 vum Massimo - Snacks ginn et um Eldo wierklech un allen Ecker!


40 Deeg ouni Mëtschen, Schockela, Séissegkeeten oder Desserten. Dass et héich Zäit ginn ass, hunn ech net just en Dënschden Owend op der Wo gesinn, ma och hunn ech mol iwwer mäi Konsum u Snacks nogeduecht.

Hëlleft alles Näischt, elo gëtt ugerappt! Schockéiert war ech, wéi ech eleng meng Tiräng um Büro ausgeraumt hunn. Vu Kamellen a Lutschen bis hin zu Schockela an de verschiddenste Formen. Ech hunn se dem Recht vun der Equippe fräiwëlleg iwwerlooss. Nëmme keng onnéideg Versuchung.

Déi éischt Deeg si mir eigentlech relativ einfach gefall. Meng éischt richteg Versuchung gouf et dann e Freiden um traditionellen Inselpatt. Ëmsou schlëmmer, et war eisem Student säi leschten Dag. Deen huet natierlech lauter lecker Saache matbruecht.

Bis elo bleiwen ech awer staark. Wann ech mir kee Stock u Friichten ugeschaaft hätt, géif déi Saach awer warscheinlech anescht ausgesinn.

Mol kucken, wat de Weekend bréngt. Ech sinn awer bis elo zefridden!

Massimo

DAG 2 vum Andy - Kee Kaffi, dofir awer Kapp wéi

Den éischten Dag war scho mol zimmlech katastrophal. Also op d'mannst mol vum Nomëtteg aus un. Ech hu mech zimmlech gutt gefillt a sinn am Fong relativ gutt an den Dag gestart.
Wat den Dag méi spéit ginn ass, wat ech méi midd gi sinn.
Ok Andy. Lo häss de dir e Kaffi geholl. Elo geet dat net méi.

Séier fält mir awer op dass ech am Fong ganz dacks och Kaffi einfach sou aus Gewunnecht drénken. Guer net aus iergend engem Besoin eraus.

No der Schaff goung et heem an direkt mol op eng Siesta. Wéi ëmmer. 1h erofkommen. Schlofen. Recuperéieren. Domm just, nom waakreg ginn hat ech richteg schlëmm Kapp wéi.
E Kapp wéi wéi ech e wierklech ganz seelen hunn. Am Fong sinn ech iwwerhaapt net mat iergendwelleche Krankheeten oder WehWecher geplot. Mä dat do war uerg.
Den Dr. Google seet mir da mol direkt: dat ass de Kaffi-Entzuch! Jo warscheinlech. Dass et awer sou schlëmm géif ginn hätt ech net geduecht.
Et ass ma richteg iwwel. Wéi eng Migrän.

Op d'Zänn bäissen huet et geheescht. Ech war dunn och gëscht Owend éischter roueg a war frou fir fréi schlofen ze goen (ok fir meng Verhältnisser fréi :)).

Elo de Moien (Stand Donneschden 04.53h) geet et mir am Fong och relativ gutt.
De Kapp wéi ass awer leider nach ëmmer do. Net méi grad sou schlëmm wéi gëscht awer nach ëmmer.
Ongewinnt fir mech.
Et heescht op d'Zänn bäissen. Besonnesch de Mëtten.
E Laftraining steet un. 12km. Gott sei Dank net all ze séier.

Ah Jo. De Séissegkeeten-Entzuch fält mir dëst Joer vill méi liicht. Och wann d'Glace mech bei menge Schwéierelteren zimmlech ugelaacht huet.

Augen zu und durch.
Nur die Harten kommen in den Garten.

Et muss ee sech jo iergendwéi motivéieren...

Andy