Mëttlerweil muss ee keng Mask méi am Auto undoen, wa Leit am Auto sëtze mat deenen een net zesumme wunnt. Et gëtt awer weiderhi recommandéiert, mee et ass keng legal Obligatioun méi. D’Police kontrolléiert och net. Dat krute mir op Nofro hi confirméiert.