Nieft den neie Reegele fir de private Beräich, gesäit d'Gesetz eng Rei zousätzlech Sanktioune fir Betriber a privat Leit vir

Den Donneschdeg gouf dat neit Covid-Gesetz an der Chamber ugeholl. D'Gesetz schaaft de legale Kader fir déi zousätzlech Mesurë géint de Coronavirus, déi d'Regierung am Regierungsrot am Virfeld decidéiert hat. Den neien Text gëllt vum 25. Juli a provisoresch bis den 30. September 2020.

Wat ännert sech?

"Reegel +10"

Et dierf ee just nach maximal 10 Persoune bei sech doheem alueden. Dës Persoune komme bei déi Leit dobäi, déi schonn an engem Stot wunnen. Bei Rassemblementer iwwer 10 Leit mussen d'Distanzreegele spillen, d'Sëtzplazen zougewise ginn an d'Droe vum Mask gëtt obligatoresch.

Geldstrofe bei Verstouss géint Quarantän & Isolatioun

Hält ee sech net un déi virgeschriwwe Quarantän oder Isolatiounsmoossnam riskéiert een eng Geldstrof vu 25 € bis 500 €.

Sanktioune fir Betriber

Betriber riskéieren am Widderhuelungsfall eng Geldstrof vu maximal 8000 € a kënnen hiren "droit d'etablissement" fir maximal 3 Méint ewechgeholl kréien. Heescht si kënne fir 3 Méint zougemaach ginn. Iwwerdeems wäerten dës Betriber hiert Recht op eventuell finanziell Hëllefen, déi hinnen am Kader vum "plan de relance" zougestanen hätten.

Dës Sanktioun wäert nëmme fir zukünfteg Hëllefe gëllen a keng Auswierkung op déi finanziell Hëllefen hunn, déi schonn un dës Betriber ausbezuelt goufen.