Wéi et an engem rezente Communiqué vun der Demokratescher Partei heescht, geheit een dem Roberto Traversini e Verstouss géint d'Gemengecomptabilitéit vir.

An der Hënt op e Mëttwoch huet d’DP vun Déifferdeng e Communiqué erausgeschéckt, an deem et ëm Ongereimtheeten an der Déifferdenger Gemengekeess geet. Viséiert an der ganzer Geschicht ass de Buergermeeschter vun Déifferdeng, de Roberto Traversini. Et soll ëm dausenden Euroe goen, déi net korrekt comptabiliséiert goufen.

Gëschter Owend gouf d’Urgence nach eng Sëtzung vun der DP aberuff, dat well wéi gesot dausenden Euroen net an der "Recette Communale" ukomm sinn. Eréischt méi wéi 2 Joer drop sinn dës Suen dunn aus dem näischt erëm opgedaucht. Eisen Informatiounen no soll et sech op mannst ëm 2 mol 5000€ dréien.

De François Meisch, de President vun der Déifferdenger DP:

François Meisch 1

Wéi gesot, 2 an d’Halleft Joer sinn du vergaangen, iert d’DP, dës lusch Affaire dunn ugeschwat huet.

François Meisch 2

Dëse Punkt soll dann och um Mëttwoch vum "Ordre du Jour" op der Déifferdenger Gemeng erofgeholl ginn, esou d’DP. De Rapport iwwert d’Konten tëscht 2013 an 2014 kéint nämlech sou net gestëmmt ginn a misst, fir de Sachverhalt opzeklären, erëm bei den Inneministère geschéckt ginn. Am Gemengerot gouf dunn d’Affaire gëschter ugeschwat.

François Meisch 3

Wéi d’Geschicht elo ausgeet, misst een ofwaarden, op alle Fall mierkt een sou lues, dass an e puer Méint d’Gemengewahlen uginn.