De neiste Ranking vun de beschten Uni'en weltwäit gesäit zwou Schwäizer Uni'en ganz vir...

D’ETH zu Zürich an d’Ecole polytchenique fédérale vu Lausanne sinn déi zwou Uni’en mam weltwäit beschte Ruff. Dat beseet déi neisten Ranglëscht vum renoméierte Magazine ''Times Higher Educatioun''.

Aner renoméiert Uni’en wéi beispillsweis  Oxford oder Cambridge kommen zwar nach an d’Top Ten , mä gi vun deenen zwou Schwäizer Uni’en hannert sech gelooss.
Amerikanesch Universitéiten si souguer net méi an den Top 20 vertrueden.

Dëst confirméiert d'Appreciatioun vu villen Experten déi ewell vill europäesch Instituter als besser aschätzen.

D’Uni Lëtzebuerg gëtt guer net méi am Ranking gehandelt. Dat well et eng aner Methodologie ewell gëtt fir dat Ganzt ze bewäerten.

Facteuren wéi den Undeel vun auslänneschem Personal, oder déi geografesch Situatioun goufe net méi als sou wichteg empfonnt, mä de Fokus gouf op déi international Reputatioun geluecht.

Zejoert war d'Uni Lëtzebuerg nach op der zweeter Plaz gefouert ginn.

Lauschtert hei den Audio