An de leschten Deeg huet den Donald Trump jo international fir Opreegung mat senge personellen Decisioune gesuergt. Elo reegt sech virun allem Bréissel op.

Zënter deem den Donald Trump US-President ass, vergeet wierklech praktesch keen Dag, ouni dass net iwwert hien oder seng Decisioune geschwat gouf. Eng Decisioun, déi virun allem d’EU-Parlament zu Bréissel un d’Schweesse bruecht huet, ass de wahrscheinleche Kandidat fir zu Bréissel US-Ambassadeur ze ginn. Ted Malloch heescht de gudde Mann, an ass bekennenden EU-Kritiker, jo et kann ee souguer soen, dass en carrement e Géigner vun der Europäescher Unioun ass.

E Mann, deen d’EU fir eng net-gewielten Organisatioun hält déi keng richteg Demokratie ass an den Euro fir eng Währung, déi an engem Joer soll zesummebriechen. Op d’Fro hin wat hie vum EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker hält, mengt hien ze wëssen, dass et en uerdentleche Buergermeeschter vun iergendenger Stad zu Lëtzebuerg gewiescht war an en dohinner sollt zréckgoen.

Hei eng Äusserung vum Ted Malloch virun e puer Deeg an enger US-amerikanescher Talkshow:

Hien selwer seet jo, dass en Ambassadeur do ass, fir d’Interessë vun deem Land ze vertriede wou een hier kënnt, net do wou een accreditéiert ass. An do komme mer dann och scho bei d'Stéchwuert: D’Majoritéit vun den EU-Parlamentarier fannen, dass hien net op Bréissel gehéiert. Ënnert anerem hunn elo d’Chrëschtdemokraten an déi Liberal e Bréif geschriwwen an deem een de Jean-Claude Juncker an den Donald Tusk, also de Rotspresident dozou opfuerderen, dem Malloch d’Accreditéieren ze refuséieren. Hien wier an hiren Aen e Mann, deen d’EU splécken, jo souguer futti maache wëll.

Ganz kloer fillen d’Britten sech natierlech duerch esou e Kandidat bestätegt a gestäerkt, wann ee bedenkt, dass Si d’EU jo verloosse wäerten. Mat den USA, dat ass kee Geheimnis, wäert Groussbritannien jo enk zesummeschaffen. D’Theresa May war jo mat déi éischt Persoun, déi am Wäissen Haus empfaange gouf. En Handelsaccord, soll dem Malloch no hannert zouenen Dieren ausgehandelt ginn, fir dass no der Scheedung mat der EU, direkt eng Partnerschaft mat den USA ufänke kann.

Mat der EU Handel ze bedreiwe wéilten d‘USA dem Malloch no iwwregens manner, den TTIP ass jo scho längst erëm Geschicht. Nëmme bilateral Accorde mat Länner wiere fir d’USA sënnvoll, an dofir misst d’EU erëm opgespléckt ginn.

Lauschtert hei d'Live-Gespréich nach eemol am Audio: