Donieft geet och d'Unzuel vun HIV-Erkrankungen duerch d'Benotze vu Sprëtzen an d'Luucht. Generell ass den Drogekonsum awer erof gaangen.

De nationalen Drogen-Rapport gouf en Mëttwoch virgestallt. Dobäi ass d'Zuel vun den Schwéier-Drogenofhängegen um stagnéieren. U sech gutt Nouvellen. Ee Problem gëtt et dann awer schonn an zwar dee vum Kokain an vun den HIV Infektiounen a Relatioun mat Drogen.

Genee Zuele kann een do keng nennen. Wat een awer bei der Prevalenz, also der Verbreedung vun Drogen, konnt feststellen ass datt de Kokain ëmmer méi un Popularitéit gewënnt an d'Leit op des Drog am dacksten zréck gräifen.

Am Allgemenge schwätzt een awer dovun datt den Drogekonsum zréck gaangen ass.

Déi Droge mat deen een am fréihsten a Kontakt kennt si Päsch wou een an der Moyenne am Alter vu 17 Joer a Kontakt trëtt. Op de Cannabis gräife Jugendlecher am Duerchschnëtt mat 18 Joer a LSD och mat 18. Am spéitstens kënnt hei am Land un Kokain. An der Moyenne hunn Konsumente 24 Joer wann se et fir d’éischte Kéier probéieren. De Cannabis beleet dann och eng éischte Plaz wat den eemoleg Konsum ugeet. 23 % vun de Befrotenen tëscht 15 a 34 Joer hunn uginn op mannst eemol an hirem liewen eng gekifft ze hunn. Beim Extasy a bei psychoaktive Champignone sinn et 2,2 % a beim Kokain ëmmerhin nach 2,1 %.

Bei de Geschlechter ass et de männlechen Undeel dee méi dacks zu den Droge gräift. Dat bei all Droge Beim Kokain sinn et 2,5 mol méi Männer wéi Fraen. Beim Gras direkt emol méi wéi 3 mol sou vill.

Och nach ëmmer Stierffäll huet een ze vermierken. Déi meechte Leit stierwe wéinst dem Heroinkonsum. 5 Leit sinn 2016 dru gestuerwe wat der sou wéineg wéi nach ni. 2007 waren et der nach 27 stéck. De Grond firwat d'Zuel net sou héich ass erkläert den Drogen-Beoptraagte vun de Santé Alain Origer sou, datt d’Ënnerstëtzung vu staatlecher Säit hei gutt ausgebaut wier an och eng jett Leit drop zréck gräifen. 1200 Mënsche suivéieren der Santé no, Hëllefsprogrammer. Um Europäesche Plang si mir bei de Substitutionstraitementer op der éischter Plaz.

Och HIV-Infektioune sinn nees an d'Luucht gaangen.  Erklärung heizou vun der Ministesch ass dat den intravenöse Konsum vu Produiten, déi zum Deel aus Kokain bestinn, eng Hausse erlieft.

Lauschtert hei: