Den Trump säin Areesverbuet fënnt net sou vill Zoustëmmung op den US-Geriichter. Lo huet d'Appellsgeriicht zu Seattle de Recours vum Verbuet verworf.

Alles hat domat ugefaange wéi den Trump d'Dekret de 27. Januar ënnerschriwwen hat, datt fir 90 Deeg Leit aus 7 majoritär muslimesche Länner net méi dierften, och mat engem gëltege Visa, an d'USA areesen. Bei de betraffene Länner handelt et sech ëm Syrien, Irak, Iran, Sudan, Somalia, Libyen a Jemen.

D’Decisioun hat zu Chaos op de Fluchhäfe gefouert. Och d'Nouvellen datt d‘Leit stonnelaang op de Fluchhäfe festhoungen hat d‘Ronn gemaach. Plazeweis koum et dann och zu Demonstratiounen.

Dunn koum en Uerteel vun engem Geriicht zu Seattle. Viru knapp enger Woch hat en Procureur General  zu Seattle dunn géint den Areesverbuet geklot. De Riichter hat him Recht ginn an sou gouf d’Dekret ausser Kraaft gesat. Dat ganzt koum dunn op Ufro vun der Justiz op d'Appellsgeriicht zu San Francisco. Do goufe béid Parteien dozou opgefuerdert hir Argumenter virzeleeën.

D’Riichter vun den Bundesstaaten Washington a Minnesota haten e Schued vun hire staatlechen Intresse festgestallt, wéi och e Verletzen vun de Rechter vun den Awunner vun de Bundesstaaten. Famillje géife mam Dekret ausernee gerappt ginn.

Déi 3 Riichter zu San Francisco haten dunn decidéiert, datt d'Dekret ausser Kraaft bleift well net kéint nogewise ginn, datt mat der Annulatioun vum Areesverbuet irreparabel Schied géifen entstoen.

Och einfach déi 90 Deeg ofwaarden wier keng Léisung...well d'Regierung hätt zum Beispill d‘Muecht d'Dekret ëmmer nees ze verlängeren oder souguer nei Länner dobäi ze setzen. Also wier et no 90 Deeg nach laang net noutgedrongen eriwwer.

An lo soll de Problem virun den ieweschte Geriichtshaff kommen... Dat wier nämnlech deen anere logesche Schratt deen dem Trump seng Regierung kéint ënnerhuelen. Dem Trump säi Kandidat fir den ieweschte Geriichtshaff, den Neil Gorsuch, ass awer nach net do an am Supreme Court gesäit d'Situatioun nom Doud vum Antonin Scalia jo sou aus, datt et 4 Republikaner a 4 Demokrate ginn. Den Trump misst scho mat 5 vun 8 Stëmme gewannen. Sollt et dann zu engem Onentschidde komme wier den Areesverbuet nach ëmmer ausser Kraaft.

Lauschtert hei: