An Zäite vu Brexit, Populismus an der Flüchtlingskrise mussen nei Konzepter fir d'EU hier. Eent dovunner ass dat vun de verschiddene Vitessen...

Et muss eppes geschéien an der EU, dat steet allerspéitstens nom Brexit fest. Mee och d’Flüchtlingskrise weist eis, dass déi europäesch Unioun, wéi se elo funktionéiert, d’Challengen déi se ze meeschteren huet net packe kann. Aus dësem Grond treffen sech haut den Owend zu Paräis d’Staats-a Regierungscheffen aus Däitschland, Frankräich, Spuenien an Italien fir iwwert eng sougenannten EU mat verschiddene Vitessen ze schwätzen.

Ganz nei ass di ganz Geschicht net, schonn an den 80er Jore gouf iwwert esou eng Propose nogeduecht. Opkomm ass d’Diskussioun iwwert dëse Modell elo erëm ganz rezent, wëll dës eent vun de 5 Zukunfts-Zeenarien ass, dat d’Kommissioun Juncker presentéiert huet. Déi 4 Staatscheffen aus Frankräich, Spuenien, Däitschland an Italien hunn sech wéi et schéngt schonn decidéiert, well e Méindeg den Owend zu Versailles soll da just iwwert den Zeenario vun de verschiddene Vitesse geschwat ginn.

Dëst Konzept gesäit fir, dass bestëmmte Länner bei verschiddene Froen an der EU méi enk zesummeschaffe sollen, wann anerer net matzéie wëllen. Soss war d’EU jo dacks éischter e Modelle à la „Alleguerten oder keen“, hei soll et dann éischter sinn: „Alleguerten oder just déi wou wierklech matmaache wëllen“. E Beispill heivir dat et elo scho gëtt wier den Euro, dee jo och net all Memberland huet.

De Jean-Claude Juncker huet bei senger Presentatioun vum Wäissbuch, also de 5 Zeenarien, eng Rei Beispiller genannt. Dorënner fält d’EU-Verdeedegungspolitik, eppes dat jo zënter Ufank un fir Diskussioune suergt, well verschiddene Länner eng gemeinsam Politik hei wëllen hunn, anerer net. Hei wier de Modell also perfekt. Genee sou gesäit et bei Froen an der Wëssenschaft aus. Lëtzebuerg kéint deemno wéi och u sou engem Modelle Gefale fannen, well Lëtzebuerg jo och zu de Grënnerstaaten gehéiert an och vehement hannert dem Projet EU steet.

Lauschtert hei dee kompletten Audio