Pecherte sollen an Zukunft kënnen sou e Protokoll gi wann een zum Beispill ze spéit méit oder dem Hond säi Knascht net ewech mécht.

Méi Autoritéite fir d’Pecherten... Dat fuerdert e neie Gesetzprojet, dee gëschter vum Inneminister Dan Kersch a vum Justizminister Felix Braz virgestallt gouf. Eng ganz Rei Verstéiss sollen esou an Zukunft niewent der Police och vun den „Agents Municipaux“ kënne bestrooft ginn.

Ganzer 24 Verstéiss solle mat dësem neie Gesetz kënne vun de Pecherte bestrooft ginn, Verstéiss déi soss ëmmer nëmme vun der Police konnte protokolléiert ginn. Dozou gehéiert zum Beispill ouni Erlaabnis Feier maachen, ze spéit méien, am ëffentleche Raum urinéieren oder de Schnéi net viru senger Hausdier ewechschëppen. Natierlech muss sech awer hei jee no Gemeng och un d’Reglement gehale ginn. Kaschte sollen d’Protokoller an der Regel 25 Euro, kënnen awer bis op 250 Euro erhéicht ginn. Dës Zomme kënnen dann direkt oder bannent 8 Deeg bezuelt ginn.

Den Inneminister Dan Kersch betount op allefalls emol, dass dëst wichteg wier, dass Gemenge-Regelungen och agehale ginn. Dëst wier „eng Fro vun der Gerechtegkeet, esou den Dan Kersch. Vill Verbueter géifen an der Praxis net sanktionéiert ginn sou dass och kee Respekt méi géigeniwwer de Regelunge besteet. Ass een iwwregens net averstane mat engem Protokoll, kann een sech bei engem „Fonctionnaire sanctionnateur“ beschwéieren. Kritt een allerdéngs onrecht, muss een nach eemol 15 Euro Fraisen op säi Protokoll dropleeën.

Bei der Presentatioun gouf betount, dass weiderhin d’Police bei esou Fäll wäert aschreiden an och weiderhin Haaptresponsabele bléift. E groussen Ënnerscheed ass jo, dass d’Agents Municipaux keng Waffe wäerten droen an och keng Leit ka festhuelen. Allerdéngs sollen d’Pecherten "Self-Defense Coursen" besichen, well dës dacks Affer vu Gewalt ginn. Duerch eng Formatioun kënnen dës dann och zu „Agents de police judiciaire“ klammen, fir esou alleguerten d’Verstéiss géint d’Gemengereglement kënnen ze bestrofen.

Dat ganzt ass bis elo mol e Gesetzprojet, do steet also nach näischt fest. Wann de Staatsrot säin Avis dozou ginn huet, wäert dann och d’Chamber den Test vun den zwee Gesetzprojet’en presentéiert kréien.

Lauschtert hei de kompletten Audio