Am Sträit ëm d'Deblockéiere vun 1,6 Milliarden Dollar, muss Lëtzebuerg elo eng wichteg Decisioun huelen. D'USA fuerderen d'Geld fir d'Affer vun 9/11.

Et geet ëm 1,6 Milliarden US-Dollar, déi den Iran gäre wéilt zréck hunn an et geet op der anerer Säit ëm d’USA déi net domatten averstane sinn. An matten dran d’Lëtzebuerger Justiz, déi elo kläre muss, wat mam Geld vun der iranescher Zentralbank geschitt, dat zu Lëtzebuerg agefruer gouf an elo erëm muss deblockéiert ginn.

Dat ganzt geet zréck an d’Joer 2001, an deem Joer, wou jo d’Attentater vum 11. September geschitt sinn. Affekote vun den Affer vun 9/11 maachen den Iran mat responsabel fir d’Attentater an argumentéieren, dass den Iran Al-Kaida ënnerstëtzt. Doropshin hat e Riichter zu Lëtzebuerg d’Zomme vun 1,6 Milliarden Dollar, déi der iranescher Zentralbank gehéieren afréiere gelooss. An Lëtzebuerg muss natierlech elo decidéieren, op dës Gelder erëm deblockéiert ginn oder eben agefruer bleiwen, oder eventuell souguer un d’Affer vun 9/11 ginn.

De Steen an d’Rullen huet d’Atomofkommes mam Iran erëm bruecht. Hei gouf jo festgehalen, dass den Iran säin Atomprogramm méi aschränke misst, als Géigeleeschtung goufen doduerch allerdéngs d’Sanktioune géint den Iran opgehuewen, an dozou géif dann och d’Deblockéiere vu Gelder zielen. Elo wou den Deal an dréchenen Dicher ass, wëll den Iran natierlech seng 1,6 Milliarden zréck hunn.

D'Lëtzebuerger Justiz muss elo tranchéieren. D’Affer an den USA fuerderen nämlech ganzer 50 Milliarden Dollar vum Iran, eng Zomm, déi dëse Persounen och vum Geriicht an den USA zougesprach gouf. Den iraneschen Ausseministère ass dann och elo a Kontakt mat Lëtzebuerg fir un d’Gelder ze kommen a gesäit d’Versich vun den USA als juristesch net legitim un. Wéi de Jean Asselborn, eisen Ausseminister en Dënschdeg scho sot, missten dann elo d’Riichter zu Lëtzebuerg hir Aarbecht maachen.

Lauschtert hei de kompletten Audio