Ronn 2 Milliarden Euro fuerdert d'EU gären zréck, dat well jorelaang beim importéiere vu Wuere gefuddelt an näischt dogéint gemaach gouf vun de Britten.

Och wann een et net mengt, mee d’Verhandlungen tëscht der EU a Groussbritannien a Saache Brexit lafen op Héichtouren, och wann dat meeschten dacks hannert verspaarten Diere passéiert. Ma elo sinn eis britesch Kollegen awer erëm an der Press, dat well Si jorelaang sollen Tricksereie bei Import-Wuere mat duerchgoe gelooss hunn. D’Geld dat awer hei gedréckt gouf, hätt awer am Fong der EU zougestanen.

D'Ermëttler vu Bréissel geheie Groussbritannien fir, e grouss ugeluechten Zollbedruch mat Produiten aus China jorelaang ignoréiert ze hunn an doduerch der EU natierlech geschuet huet. Elleng tëscht de Joren 2013 an 2016 hunn Bréissel am Budget dowéinst ronn 2 Milliarden Euro gefeelt, déi elo awer zeréckgefuerdert ginn, esou d’Antibedruchsagence OLAF.

Dobäi kommen dann nach eemol ronn 3.2 Milliarden Euro, déi Länner wéi Däitschland bei der TVA entgaange sinn.

Grouss a gutt organiséiert Bande koordinéieren dat Ganzt an do ass et natierlech schwéier den Iwwerbléck ze behalen. Wéi ginn se fir? Majo se ginn einfach de Wäert vu Kleeder a Schong, déi aus China kommen , einfach vill ze niddreg un a mussen dohier natierlech och manner beim Zoll bezuelen. Natierlech géifen dat Strukture sinn, déi iwwert d’ganz EU sech ausbreeden, allerdéngs géifen di meescht Wueren awer aus Groussbritannien kommen an och de gréisste Schued fir d’EU géif aus Groussbritannien kommen.

Am groussen a ganzen hätten aner Memberlänner de Problem aktiv bekämpft an och zu groussen Deeler verschwanne gelooss. Bei eise britesche Kollegen allerdéngs wier hei einfach ewechgekuckt ginn, sou dass déi illegal Geschäfter natierlech ëmmer wieder gewuess sinn.

Hei gouf zum Beispill 1 Kilo u Boxen 91 Cent ugi beim Zoll, obwuel de Maartpräis fir Kotteng am Moment bei 1,44€ de Kilo läit. An anere Länner goufen déi selwecht Boxe mat engem Präis vun iwwer 26 Euro deklaréiert.

Lauschtert hei de kompletten Audio