D'Varkey Foundation, mat Sëtz zu London, huet eng Etude publizéiert an där een analyséiert huet wéi glécklech Jugendlecher vun der Generation Z sinn.

Wat ass iwwerhaapt d’Generation Z?

D’Generation Z sinn u sech all déi Leit, déi ëm de Millenium gebuer goufen. Méi genee all déi Kanner déi tëscht 1995 an 2001 gebuer goufen. Net ze verwiessele mat de „millenials“ dat sinn déi Leit déi no 1980 gebuer goufen an also ëm d‘Joerdausendwend de jugendalter ereecht hunn.

An an enger Etude vun der Varkey Foundation ass et drëms gaangen d’Genration Z aus 20 Länner doriwwer ze befroe wéi glécklech se sinn. Zu de Länner zielen Groussbritannien, Frankräich, Däitschland, Italien, Russland, USA, Kanada, Australien, Neiséiland, Israel, Tierkei, China, Südkorea, Indien, Indonesien, Japan, Brasilien, Argentinien, Nigeria a Südafrika.

20.000 Jonker goufen heifir befrot an d’Resultat weist datt déi Jugendlech nawell zefridde sinn.

Méi genee sinn 2 Drëttel vun de Befrotenen am Fong glécklech mat hirer Situatioun.

Am glécklechsten ass een der Etude no, an Indonesien mat 90 % oder am Nigeria mat 78 %. Dat Land wou déi Jonk am onglécklechste sinn ass Japan. Just 28 % hate hei uginn zefridde ze sinn.

Mä net iwwerall ass een iwwert dat selwecht glécklech.

Wou Relioun an Länner wéi Indonesien eng grouss Roll spillt ass et a Frankräich an an aneren Industrielänner anescht. Hei huet Relioun en bei wäitem méi klenge Stellewäert. Ganz wichteg ass deene Jonken, der Etude vun der Varkey Foundation no, hir Gesondheet. Suivéiert vun gudde Relatiounen mat der Famill a Frënn an engem Studium oder enger Plaz mat där een zefridden ass.

Net nëmmen dat wat déi jonk glécklech mécht gouf befrot, mä och hir Ängschte waren en Deel vun der Etude.

Am allgemenge kann een hei op Grond vun der Etude konstatéieren, datt de Terrorismus, Extremismus a Kricher deene jonken am meeschten Angscht maachen. Dann sinn et de Manktem un Educatioun fir déi sozial-benodeelegt, den Ënnerscheed tëscht Räich an Aarm, de Risk vun enger globaler Epidemie an de Klimawandel. 
Wat d’Zukunft ugeet sinn och eng jett dovu relativ pessimistesch. 37 % mengen datt d’Welt méi schlecht géif ginn. Just 20 % mengen sech géif besser ginn. Fir 39% ännert sech näischt.

Ënnerscheeder bei de Geschlechter?

Och bei de Geschlechter ginn et Ënnerscheeder. Bei de Jonge waren 62 Prozent mat hirer Lag zefridden. Bei de Meedecher 65 %, déi uginn hate glécklech ze sinn.

Feststelle konnt een och datt wat den Alter vun de Befrotenen an d’Luucht gaangen ass wat d’Zefriddenheet erof gaangen ass. Am verglach hunn just bal d’Halschent vun den 19 bis 21 järegen ugi glécklech ze sinn. Bei de 15 bis 16 Joer ale waren et ëmmer hin nach 2 Drëttel.

Lauschtert hei: