Dem Annegret Kramp-Karrenbauer seng CDU huet déi meeschte Wieler am Saarland iwwerzeegt. D'SPD verléiert 1% am Verglach zu leschte Walen.

D’CDU gewënnt e bëssen iwwerraschend kloer d’Landtagswahlen am Saarland hei vir an Däitschland, dat mat 40,7% vun de Wielerstëmmen.

Domatte wier och de sougenannte Schulz-Effekt am Saarland ausbliwwen, d’SPD verléiert nämlech no de Wale vu gëschter ronn 1% a kënnt op nëmmen nach 29,6% vun de Stëmmen. Dono placéieren sech déi Lénk mat bal 13% op déi 3. Plaz, dat awer och mat engem däitleche Minus vun 3,2%.

D’AfD kënnt dann op déi 4. Plaz, a kannt souzesoen aus dem Stand op 6,2% .

Déi Gréng kommen op 4 % an d’FDP op nach 3,3%, packen et also alle béid net iwwert den sou wichtegen Taux vu 5%.

Lauschtert hei de kompletten Audio