D'Gesetz iwwert déi anonym SIM-Kaarte wäert eréischt Ufank Summer a Kraaft trieden, de Gros vun de Kaarte gouf bei den Operateure schonn identifizéiert.

D’Zäit vun den anonymme Prepaid-SIM Kaarte kéint eisen Informatiounen no scho geschwënn eriwwer sinn, en entspriechend Gesetz, wäert an net all ze laanger Zäit nämlech a Kraaft trieden.

Decidéiert gouf dat ganzt jo no den Uschléi vu Paräis am November 2015. Sou soll et kenger Persoun méi méiglech sinn, sech iwwert dat mobilt Netz ze verstännegen ouni seng Identitéit Präis ze ginn. Wou si mer do drun a virun allem wéi vill där Prepaid-Kaarte sinn nach am Ëmlaf?

Op Nofro beim Staatsministère krute mer Punkto Gesetz eng Äntwert, méi genee hat Eldoradio mam Pierre Goerens aus der Direktioun „Communications électroniques“ geschwat.

An hei krute mer gesot, dass et nach eng Rei méi kleng redaktionnell Amendementer ginn, sou dass een unhëlt, dass den Text scho fir Mee kéint an der Chamber gestëmmt ginn. An da bleift de Leit nom Gesetz nëmmen nach ganz wéineg Zäit fir hir Prepaid-Kaarten unzemellen.

Pierre Goerens / Direktioun „Communications électroniques"

Dono kritt een dann natierlech just nach eng Prepaid-SIM-Kaart, wann een sech direkt beim Operateur sur Place dann umellt.

Eldoradio huet bei deenen 3 groussen Operateuren, also der Post, Tango an Orange nogefrot wéi vill där anonym SIM-Kaarten nach am Ëmlaf sinn an hei krute mer dann och eng Äntwert dës Woch.

Bei Orange ass et esou, dass 85% vun de Prepaid-Kaarten identifizéiert goufen a vum 4 Dezember 2015 un, huet och Orange keng méi erausginn, ouni sech ze identifizéieren.

Ähnlech da bei Tango, hei goufe souguer schonn 90% vun de SIM-Kaarten identifizéiert an zënter dem 7. Dezember gëtt een hei keng méi eraus, déi anonym sinn. 4 Wochen nom Antriede vum neie Gesetz, géif een dann de Recht blockéieren deen nach net ugemellt wier.

An bei der POST ass et esou, dass zënter leschtem Summer alleguerten déi anonym Kaarte blockéiert goufen, an se erëm benotzt kënne ginn, wann een sech eben identifizéiert als Proprietaire. An wéi gesot, déi 3 Operateure waarde just nach op d’Gesetz, fir och eng legal Basis hei vir ze hunn.

Ufank Summer wäert d’Zäit vun den anonymme SIM-Kaarten dann definitiv eriwwer sinn.