Dëse Sonndeg gëtt an engem Referendum decidéiert, ob et zu engem neie Presidentialsystem kënnt, e System, deen dem Erdogan nach méi Muecht gëtt...

Dëse Sonndeg ass e groussen Dag an der Tierkei, hei gëtt nämlech an engem Referendum decidéiert, op et zu engem neie Presidentialsystem kënnt, e System, deen dem President Erdogan jo nach méi Muecht gëtt, wéi an sech elo schonn huet. De Referendum selwer spillt sech matten am Ausnamezoustand of, an dëst jo nach bis nächst Woch, dat jo nom Militärputsch vum 15. Juli zejoert. Dass dat ganzt net wierklech super Konditioune sinn, fir e Referendum uerdentlech iwwert d’Bühn ze brénge versteet sech vum selwen.

Den Ausnamezoustand dee jo elo erëm verlängert gouf, mécht de Referendum an der Tierkei alles anescht wéi angenehm fir d’Leit. Demonstratioune vu regierungskritesche Gruppen oder Parteie gi just nach an der Ausnahm toleréiert, anescht ginn se mat Gewalt opgeléist.

Sou ass et zum Beispill kritesche Parteien, déi fir de NEE sinn a Punkto Referendum, net méiglech, dësen NEE un d’Leit ze bréngen. Dann huet net nëmmen den Trump mee och den tierkesche President Erdogan d’Dekreter ganz gär, an där wäert en der no engem JO beim Referendum nach méi asetzen. Hei gouf dann och eent an der Vergaangenheet entlooss, dat bis ewell méi wéi 150 Zeitungen, Radioen an Televisiouns-Chaînen zougemaach huet, dausende Journalisten hunn hir Jobs verluer. 140 Journaliste setze wéinst sougenannter „Terrorpropaganda“ am Prisong.

Per Dekret gouf z.B. decidéiert, dass Televisiouns-Chaînë Parteien net méi gläich behandele mussen, wéi dat an anere Länner an sech normalerweis komplett normal an üblech ass. Och d’OSZE veruerteelt de mediale Couvrage vun de verschiddene Parteien an der Tierkei. Dann hunn mer awer och nach ëmmer d’Problematik mat de Kurden an der Tierkei.

Hei goufe jo kurdesch Deputéiert ofgesat, kurdesch Buergermeeschteren hunn iwwerdeems einfach hir Poste verluer. 128.000 Staatsbeamte goufen zënter dem Ausnamezoustand entlooss, 47.000 goufe festgeholl, an da goufen och nach eemol 4000 Riichter zënter dem Summer entlooss.

Et gesäit wéi een héiert net roseg aus an der Tierkei, dat och nach grad virum Referendum e Sonndeg. Vill Experten an natierlech och Kritiker schwätze vun engem Klima dat nëmmen nach aus Angscht géif bestoen. Kritik wier kaum nach méiglech an der Tierkei.

Lauschtert hei de komplette Reportage