6 Persounen sinn ugeklot - et geet ëm plakesch Fotoen vun der Duchess of Cambridge déi an Zeitungen publizéiert goufen.

2012 hu Biller vum Kate Middleton fir ee Skandal gesuergt. Riets ass vun de plakesche Fotoen déi vun der Duchess of Cambridge während enger Vakanz geholl goufen. Déi britesch Royals haten doropshin eng Plainte géint déi concernéiert Medie gemaach déi d’Fotoe publizéiert hunn.

Et geet ëm sou genannten 'Oben Ohne' Fotoen déi gemaach goufen wéi d'Kate Middleton an der Provence an der Vakanz war. Si loung op der Terrasse op engem Privatterrain. Paparazzi hu vu wäitem e puer Fotoe vun hir gemaach an hunn dës dunn verkaf. Nodeems de franséische Magazin 'Closer' d’Fotoen fir d'éischt verëffentlecht hat, hu weider Magazinnen aus Italien, Irland a Dänemark, Schweden dat selwecht gemaach an d’Fotoe publizéiert. Doropshin huet d’Kinneksfamill eng Plainte gemaach. Een neit Verëffentlechen vun de Fotoen goufen ënnersot. U sech sollt de Prozess am Januar sinn, mä e gouf op den 2. Mee verluecht. Ugeklot sinn deemno 6 Persounen, dorënner Fotografen mä och Redakteren vun den concernéierten Zeitungen.

Fir d’Kinnekshaus sinn déi plakesch Biller ee vun den peinlechsten Skandaler. De Virfall rifft Erënnerung un déi schlëmmste Paparazzi Juegden am Liewen vun der Prinzessin Diana.