“Back to the roots” heescht et beim Gemengesyndikat SICONA punkto Méinen. Dëse benotzt den Ament Schof am Plaz Maschinnen fir d'Felder z'ënnerhalen.

SICONA ass e Gemengesyndikat deen sech em de Naturschutz këmmert. En ass an 2 Gruppe gedeelt. SICONA Ouest a SICONA Centre.

An Zesummenaarbecht lokaliséiert SICONA da méiglech Liewensraim an de Gemengen déi erhalenswäert sinn. Dozou zielen da Bongerten oder Biotopen. De Syndikat hellt des Sitten dann ënnert seng Gestioun.

Den Entretien vun de Sitte gesäit dann och zum Beispill d'Méinen vir. Hei huet SICONA Ouest déi lescht Deeg iwwert eng méi aussergewéinlech Manéier op sech opmierksam gemaach.

Am Plaz déi grouss Wise mat Maschinnen ze méine léisst een iwwert kuerz Zäit, eng gréisser Unzuel vu Schof ronderëm lafen. Heifir huet een sech Hëllef vun der Schäferei Weber gefrot, déi och direkt e puer Déieren zur Verfügung gestallt huet.

SICONA weist also, datt d’Innovatioun net ëmmer an der Entwécklung vun neien Technologie läit, mä och natierlech Ressourcë wei Schof hire Bäiträg zum Erhalt vun der Ëmwelt kenne bäidroen.

Lauschtert hei: