Deels goufen déi kleng Apparater iwwerall matgeholl, fir dass een sech ëm déi elektronesch Deiere këmmere kann. D'Eltere ware manner begeeschtert...

Op den Dag genee, virun 20 Joer koum en Apparat eraus, dee virun allem den Elteren deels gehirlos op d’Nerve gaangen ass. Genee wéi haut mam Smartphone hat een dëse klengen Apparat ëmmer mat dobäi an huet drop geklimpert. Sief dat elo um Iessdësch, am Auto oder am Schoulhaff. Riets geet natierlech vum Tamagotchi, deen um 12. Mee 2017 wéi gesot seng 20 Joer feiert.

An alle Faarwe krut een dës Apparater, dacks war dann e klenge verpixelte Bildschierm drop, op deem e klengt Déier ze gesi war, dat een da misst fidderen, mat ëm spillen oder souguer Sport maachen. An dat ganzt Non-Stop, Dag a Nuecht, ouni Paus. Huet een sech net ëm säin elektronescht Déier bekëmmert, ass et ebe gestuerwen an et konnt een erëm vu vir ufänken.

Et muss ee bedenken, dass dat déi Zäit war, wou et nach kengen iPhone gi sinn, de Gameboy nach zimlech an der Moud war an d’Leit nach hier Musek iwwert CD-Playere gelauschtert hunn.

Um Bildschierm vum Tamagotchi waren eng Rei Pixelen drop, déi sech dann zu engem klenge Monster forméiert hunn... an dat war an sech alles.

© AFP

Dann hat een nach 3 Knäppercher an deene meeschte Fäll, an domatte konnt een dann am Menü scrollen, d’Déier fidderen, kleng Minispiller maachen an sou wieder.

D’Firma Bandai huet den Tamagotchi erfonnt, wat jo wuertwiertlech "Ee" heescht. D’Déier ass nämlech am Ufank, wann een säin Apparat ugemaach huet, aus engem Ee erauskomm an huet ee vun do un Dag a Nuecht mat Gepiips genervt, fir en ze fidderen. D’Iddi hannendrun war japanesche Kanner eng Zort Hausdéier ze ginn, dat dacks aus Plazmangel an der Hektik am Alldag net konnt ugeschaaft ginn.

An wann een sech net genuch ëm den Tamagotchi gekëmmert huet, ass en souguer krank ginn oder gestuerwen. An virun allem am Ufank waren déi elektronesch Déieren esou séier dout, dass d’Kanner den Apparat souguer mat an d’Schoul geholl hunn.

Mat der Zäit sinn d’Tamagotchien dann ëmmer méi aus der Moud komm an haut ass et éischter e Retro-Trend wéi soss eppes. Iwwregens kritt awer natierlech och well eng Tamagotchi App, wann een dann nach ëmmer net d’Fanger kann dovunner loossen.