Ob als Dipp an der Zalot oder als Bäilag. D’Avocado boomt. Wien awer beim Schneide net oppasst, ka séier Avocado-Hänn kréien.

D’Dokteren a Groussbritannien hunn den Terme mëttlerweil an hirem alldeegleche Sproochgebrauch iwwerholl.

Déi britesch Associatioun vu plasteschen, rekonstruktiven an ästhetesche Chirurge wëll souguer sou wäit goen, datt d'Produzente Stickeren op d’Avocadoe pechen op där eng Cartoonhand an ee Messer ofgezeechent sinn, déi vun engem roude Stréch duerchgestrach sinn.

Der britescher Zeitung UK Times no, huet de Spriecher vun der Associatioun verroden, datt ee 4 Fäll vun Avocado-Hänn d’Woch am Duerchschnëtt behandelt.

Och dem Michelle aus der Eldo-Redaktioun sinn esou Blessure bekannt. Beim Michelle handelt et sech awer éischter ëm Mango-Hänn!

© eldoradio

Mä d'Phenomen ass méi eescht ze huele wéi ee mengt. Eng Plaz, wou sech d’Leit den Ament schéi lëschteg iwwert d’Affer vun Avocado-Hänn maachen, ass natierlech den Internet.

Hei e puer Pärelen aus dem World Wide Web.