Nom Secondaire gëtt elo och am Fondamental den neie Wäerteunterrecht agefouert. Kritik kënnt nees vum Cercle de Cooperation vun den Laizisten.

De Cercle de Cooperation vun de laizisteschen Organisatiounen ass net begeeschtert vun der Manéier wéi de Cours "Vie et société" soll ofgehale ginn. Esou de Resumé vum Communiqué déi de Cercle e Méindeg un d'Press geschéckt huet.

Zesumme mat de Kanner iwwert dat diskutéieren, wat eis verbënnt an och dat wat eis trennt, an ophalen d'Kanner no Weltsiichten a Reliounszougehéieregkeeten ze trennen. Dat ass fir den Educatiounsminister Claude Meisch dat Wichtegt um neie Cours. Dat hat hien Ufank Mee gesot. Dëse neie Cours soll nom Secondaire d’lescht Joer, fir d’Rentrée am September och am Fondamental agefouert ginn.

De Cercle beschreift de Cours an deem et net ëm Inhalter a Methode geet, mä just drëm, datt d’Kanner d’Wuert kréien an datt dann e bëssen diskutéiert gëtt zu verschidden Themen deen den Enseignant virgëtt.

Dat wier jiddefalls den éischten Androck déi een an den Reuniounen sou kritt hätt. D’Reuniounen wieren an de leschte Méint gewiescht an si wieren och gutt besicht gewiescht. Dëst géing weisen datt et der Regierung just drëms goung, fir ee Kompromëss tëscht laizisteschen a reliéise Vertrieder ze sichen. Fir de Cercle ass esou ee Cours vun zwou Stonnen jiddefalls Zäitverloscht. A virun allem fir d’Kanner wier et schued.